Search

You may also like

Der CSV hir Meenung zum Koalitiounsaccord
Neiegkeeten

Der CSV hir Meenung zum Koalitiounsaccord

Nodeems de Premier Xavier Bettel (DP), en Dënschdeg an der

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch
Neiegkeeten

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

Wéi bosseg et ass, wann deng Gewerkschaft als Aktionär indirekt

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt
Neiegkeeten

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt

Et ass hiert wichtegst Ziel de Kanner an Nout z

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Wunnraum fir d’Vullen

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Wunnraum fir d’Vullen

T’ass Immobiliekris zu Lëtzebuerg! D’Sich no de gëeegente véier Wänn erweist sech net nëmme fir de Mënsch, mee och fir vill Vullen als immens schwiereg. Besonnesch déi Aarten, déi net aus Hällem a klengen Äscht een artistescht Meeschterwierk zauberen, sinn ageschränkt.

Ënnert anerem sinn et d’Blo- an d’Kuelmees, de grousse Bamleefer oder och de Spatz, déi sech ee klenge Schutz a Mauerritzen a Bamhöhlen sichen. Aarten, wéi de Panewippchen zéien do d’Nistkästen fir, wa se net total ofgedonkelt, mee wéi eng Hallefhöhl gebaut sinn.

Bis Mäerz sollt een neien Nistkasten opgehaange sinn – d’Saison fir ze bréien start fir vill Vullen nämlech ëm dës Zäit. Ze spéit sidd Dir awer net: D’Saison dauert bis Juli an esou notzen d’Vullen oft een zweet oder drëtt Haischen fir Auszeweeschen.

Fir Persounen, déi grad bauen, lount et sech een Nissteen abauen ze loossen, sou datt d’Geleeënheet sech néierzeloossen direkt an der Mauer integréiert ass. Bis op d’Fluchlach kann hei alles mat verbotzt ginn.

Ee gudden Nistkasten erkennt een iwwregens dorunner, datt et aus otmunsfäegem Material, wéi Holz oder Holzbeton besteet. Donieft sollt banne genuch Raum zur Verfügung stoe fir ze bréien, sou wéi och eng Ëffnung fir d’Haischen propper maachen ze kënnen. Wie Plaz fir e puer Nistkästen huet, deem gëtt gerode verschidde Lachgréissten ze wielen an d’Haisercher op enger Héicht vun 1,8 bis 2 Meter direkt um Bam, enger Mauer oder och fräihänked unzebréngen, sou datt Kazen a Marder net dru kommen.

Zum Video-Projet

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.

Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © ANNI GUPTA / Unsplash

Related topics Bréien, E staarkt Benevolat, Ëmweltministère, Informatioun, natur&ëmwelt, Naturschutz, Nistkästen, Video-Projet, Vullenhaischen, Vullenhaisercher
Next post Previous post