Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikegeek
Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen
hose hook up

brendan north dating

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem

https://moien.lu/what-to-expect-when-you-first-start-dating-a-guy/
hose hook up

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer

No laangen an zeien Verhandlungen huet déi griichesch Regierung sech

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss
hose hook up

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss

Der Konflikt tëscht den USA an dem Iran gëtt den

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

E Vëlo oder e gutt „Briet“ kann engem schonn en zolidd Lach an d‘Spuerschwäi rappen, wann ee sech no eppes „neiem“ ëmkuckt. Mee et gëtt Alternativen. Eng dovunner ass den Occasiounsmaart deen ënnert dem prägnanten Numm „We Ride“ den 23. a 24. August an de Rotonden (Lëtzebuerg-Gare) stattfënnt.

Hei sollt ee fanne wat d‘Häerz am Aklang mat de Finanze brauch. Wien elo net op der Sich ass, mee en Drotiesel, respektiv e Briet mat Rullen, an der Garage stoen huet, et awer net méi benotzt, dee ka jo hei och e Keefer fannen, an esou e klenge „Retour“ op d‘Investitioun erhalen, déi emol getätegt ginn ass. An dat bescht: et muss een net emol dernieft stoe bleiwen.

D‘Organisateure këmmeren sech ëm alles. Et muss een dat gutt Stéck just „ofliwweren“. D‘Zäite fir dat „aalt“ Geschir ofzeginn: E Mëttwoch 22. August an en Donneschdeg 23. August vun 10 bis 22 Auer, e Freideg 24. August, vun 10 bis 16 Auer. Wien eppes ofginn huet, datt elo kee neie Besëtzer fonnt huet, muss säin Eegentum bis e Méindeg 27. August nees siche kommen.

Et kann ee sech och „umellen“. Dofir soll een dem Tom Karier eng Mail (tom.karier@rotondes.lu) maachen. Hien deet dann Uecht, datt alles säi gereegelte Laf hëlt. Hale mir nach ofschléissend fest, datt et iwwert déi zwee Deeg och Ateliere gëtt, bei deenen ee sech mam Ëmgang vum BMX oder dem Skateboard familiariséiere kann: op der Plaz vun de Rotonden, vu 16 bis 20 Auer.

Ähnlech Sujeten Occasiounsmaart, Rotondes, Skateboard, Stad Lëtzebuerg, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel