Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten
Neiegkeeten

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten

Leschte Freiden huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg déi

E nationalen Aktiounsplang géint d‘Pestiziden
Neiegkeeten

E nationalen Aktiounsplang géint d‘Pestiziden

Fir de Landwirtschaftsministère geet ee mam nationalen Aktiounsplang (PAN) zur

D’Spiller vun de klenge Länner – 140 Lëtzebuerger Athleten zu Montenegro!
Neiegkeeten

D’Spiller vun de klenge Länner – 140 Lëtzebuerger Athleten zu Montenegro!

Op Invitatioun vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) huet

D’Séinoutrettung ze suspendéieren ass e Verbriechen un der Mënschheet

D’Séinoutrettung ze suspendéieren ass e Verbriechen un der Mënschheet

Mat der Decisioun d‘Patrullen um Mier vun der „Operatioun Sophia“, huet déi europäesch Unioun sech dofir entscheet dausende Mënschen erdrénken ze loossen.

D‘Mëttelmier mat enger Fläch vun 2,5 Millioune Quadratmeter, ass deen déidlechste Passage fir d‘Migranten déi den europäesche Kontinent erreeche wëllen. Dat d‘EU an Italien de Programm „Mare Nostrum“ Enn 2014 opginn hunn, deen awer engen 170.000 Mënschen d‘Liewe gerett huet, huet d‘ONGen op de Plang geruff, wat eigentlech bestätegt, datt d‘EU sech aus der Verantwortung gezunn huet.

2015 hunn esou Schëffer wéi „Argos“, „Dignity“, a „Phoenix“ net agepaakt a hu weiderhin am Mëttelmier no Mënschen a Séinout gekuckt an do agegraff wou et noutwenneg war. No hinne war et d‘Aquarius, déi vun der ONG „Dokteren ouni Grenzen“ (MSF) am Partenariat mat der ONG „SOS Méditerranée“ gechartert ginn ass, bis datt och dëst Schëff am Dezember 2018 gezwonge gouf, seng Operatiounen anzestellen. Bis dohinner hate béid Schëffer iwwer 30.000 Liewe gerett.

Andeems sech d‘EU drop fokaliséiert den Zougang zum europäesche Kontinent ze schléissen, dat zu laaschte vu Mënscheliewen, gëtt sech monter zum Handlaanger vun der libescher Küstewaach gemaach. D‘EU ass esou faktesch Kompliz bei de Verstéiss géint d‘Mënscherechter, well si elo déi eenzeg sinn, déi vir d‘Offänke vun den Embarcatioune verantwortlech sinn…

Folter a Versklavung

Déi erzwonge Réckféierung vun de Migranten op libeschen Territoire, esou wéi déi arbiträr Detentioun an de „Lager“ vun dësem nordafrikanesche Land, andeem de Chaos d‘Kontroll iwwerholl huet, an net gewosst ass wien „decidéiert“, setzt d‘Leit bewosst dem Mëssbrauch aus. Vu Folter iwwer Vergewaltegung bis zur Sklaverei, et gëtt näischt ausgelooss.

déi lénk riichten en Appell un d‘EU a fuerderen se op nees zu hire fundamentale Wäerter zréckzefannen: Opnam a Respekt virun der mënschlecher Dignitéit. Dofir muss nees en effikassen Dispositiv zur Rettung vu Mënschen a Séinout opgestallt ginn. Parallel dozou muss en den ONGen erméiglecht ginn, och weiderhin deenen ze hëllefen déi a Séinout geroden.

Et muss dëse Schëffer méiglech sinn en europäeschen Hafen unzelafen an d‘Leit u Land ze bréngen. An dësem Kontext gehéiert et sech och, alles ze ënnerhuelen, fir eng gerecht Repartitioun vun de Mënschen ze garantéieren.

De „Merde Alors!“ vum Minister Jean Asselborn muss sech duerch konkret Initiative beweisen. De Schëffer vun den ONGen e Lëtzebuerger Pavillon zouzegestoen, also fir déi wou een ufroen, wier esou eng positiv Initiativ.

Mir wëllen en Europa dat sech fir d‘Solidaritéit asetzt amplaz se ze kriminaliséieren. Mir wëllen en Europa datt de Choix trëfft d‘Migranten als Mënschen ze behandelen, an net als Krimineller. Mir wëllen datt Europa ugemoossen Zentren ariicht, déi e séieren a Mënschlechen Traitement vun den Asyl-Demanden erlaabt.

matgedeelt vun déi lénk, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Peter Pruzina/Pixabay

Ähnlech Sujeten déi lénk, EU, Libyen, Mënscherechter, Mëttelmier, Operatioun Sophia, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel