Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

trinidad and tobago singles dating sites
Hell Opreegung nom nordkoreaneschen Atomtest
International https://moien.lu/dating-a-timid-man/

free online dating no money involved

Nodeems e Sonndeg Nordkorea fir sech de gelongen Test vun

trinidad and tobago singles dating sites
Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been
International https://moien.lu/dating-a-timid-man/

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Am „House of Lords“ ass fir d‘Bäibehale vun der EU-Charta

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?
International https://moien.lu/dating-a-timid-man/

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?

Dëse Quiz gouf vun der Union des Pilotes Luxembourg gesponsert

Déi eng stierwen derfir, déi aner wëllen se verdeedegen: d‘Fräiheet

Israel/Gaza: No engem „stiermesche“ Weekend mat allzevill Doudeger, endlech de Waffestëllstand

Déi eng stierwen derfir, déi aner wëllen se verdeedegen: d‘Fräiheet

Et ass e Weekend voller Leed, deen zu Israel a Gaza op en Enn gëtt. No massivem Rakéitebeschoss aus Gaza – riets ass vun 250 Fluchkierper – huet et wéi gewinnt eng „entspriechend“ Äntwert ginn. Op béide Säiten si Mënsche gestuerwen, anerer Verletzt ginn. Elo sollen d‘Waffen nees rouen…

Aus palestinensesche Regierungskreesser heescht et haut de Moien, datt ee sech mat Israel, no de schreckleche Konfrontatioune vum Weekend – wou 4 Israelien an 20 Palestinenser gestuerwen a béidersäits eng 150 Mënsche blesséiert goufen – an mat der Vermëttlung vun Egypten, zu engem Waffestëllstand duerchgerongen huet.

Et war zanter dem Krich vu viru 5 Joer, dee gréisste bewaffente Schlagaustausch tëscht den „éiwege“ Konfliktparteien. Ganz der säit Joerzéngten unhalender US-Noostpolitik getrei, huet den Donald Trump dem Staat Israel seng ëmfänglech Ënnerstëtzung verséchert. Säi Sproochrouer huet et „gezwitschert“ an den Toun war erstaunlech gemässegt.

„Op et neits muss sech Israel enger Flut vun déidleche Rakéitenugrëff vun der Hamas an dem ‚islameschen Dschihad‘ erwieren“, esou den US-President via Twitter. „Mir ënnerstëtzen Israel zu 100% bei der Verdeedegung vu senge Bierger“. Dat Message un Israel an de Recht vun der Welt. Mee den US-Milliardär hat och e puer Wierder fir d‘Palestinenser iwwreg.

„Dës terroristesch Aktioune géint Israel bréngen iech näischt anescht wéi Leed a Misär“ seet dee Mann, dee mat senger Entscheedung, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, eng grouss Matschold un der Well vu Gewalt a Widderstand déi vu Gaza ausgeet. Dat entschëllegt wuel de schänterlechen Ugrëff op d‘Mënschen an Israel net, ass awer esou.

Zu New York, um Sëtz vun de Vereenten Natiounen, gëtt d‘Ausenanersetzung vum Weekend, esou wéi dat schonn Traditioun huet, bedauert a veruerteelt. Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, deen net wierklech an der Gonscht vum Donald Trump steet, kann dann och net méi maache wéi, „d‘Entwécklung vun der Lag mat gréisster Suerg ze verfollegen“.

mat indymedia/tlv

Foto: Dampsailen iwwert dem Zentrum vu Gaza City, nodeems Israel senger Loftwaff – als Äntwert op de Rakéitebeschoss – den Uerder erdeelt hat 30 Ziler ze zerstéieren. © Mohamed Mahmoud Awad/UN

Ähnlech Sujeten Gaza, Hamas, islameschen Dschihad, Israel, Rakéiten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel