Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi
International Neiegkeeten

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi

Nach ass et keng „Ausgangsspär“ am eigentleche Sënn, mee elo

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no
International Neiegkeeten

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no

Den US-Immunolog Dr. Anthony Fauci huet virun der Gesondheetskommissioun vum

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A1 (26.-29.06.2020)
International Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A1 (26.-29.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A1 tëscht dem

50 Joer Earth Day: Wëll mir eise Planéit méi schätzen a respektéiere mussen

50 Joer Earth Day: Wëll mir eise Planéit méi schätzen a respektéiere mussen

Eigentlech sollt jo all Dag den Earth Day zelebréiert ginn, fir esou d’Äerd als eis Heemescht mat senge wonnerbaren Eegenschaften a Schätz ze wierdegen. Leider éiert de Mënsch „seng Mamm“ net wéi geduecht, zerstéiert bewosst d’Natur an d’Ëmwelt a soumat och seng eegen Zukunft. Mëttlerweil huelen, zënter senger Kreatioun am Joer 1970, méi wéi eng Milliard Mënschen aus 190 Länner um Dag vun der Äerd deel. Mee wourëm geet et genee?

D’Ëmwelt an d’Loft ze verknaschten, ass weder fir d’Ëmwelt, nach fir eis selwer eng gutt Viraussetzung. Den Earth Day soll d’Äntwert op d’Ëmweltkris sinn, an där Ueleg ganz Teppecher bilt, Smog an der Loft läit an de Wunnraum vun alle Liewewiesen vum Mënsch ellen zougeriicht gëtt.

Earth Day

© Jordan Beltran / Unsplash

Kuerz zur Entstehung

Nodeems um 22. Abrëll 1970 ronn 20 Milliounen Amerikaner – deemools 10 % vun der gesamter U.S.-Populatioun, op de Stroossen géint d’Ignoranz géigeniwwer der Ëmwelt protestéiert hunn an een neie, bessere Wee fir den Ëmgang mat eisem Planéit gefuerdert hunn, konnt den éischten Earth Day mat engem ganze Mouvement agefouert ginn. Mëttlerweil gëllt dësen Aktiounsdag als gréisst gesellschaftlecht Evenement fir den Natur- an Ëmweltschutz.

Mat enger ganzer Well un Aktiounen konnt ee bewonnerenswäerten Ufank markéiert ginn. An dësem Kader si Gesetzer zur propperer Loft, propperem Waasser a bedreet Aarten entstanen. Dobäi koum d’Kreatioun vun der sougenannter Environmental Protection Agency (EPA). Zuelräich Länner sinn dem Beispill nogaangen an hunn ähnlech Gesetzer opgestallt.

Am Joer 2016 hunn d’Vereenten Natiounen schliisslech den Earth Day gewielt, fir esou d’Paräisser Klimaofkommes symbolesch ze ënnerschreiwen.

Earth Day

Symbolesch ass um 22. Abrëll 2016 – also um Dag vun der Äerd – d’Paräisser Klimaofkommes zu new York ënnerschriwwe ginn © U.S. Department of State

Fir de Klima

D’Thema vum Earth Day 2020 – iwwregens de 50. Gebuertsdag vum Aktiounsdag – heescht „Climate Action“. Jo, et ass eng enorm Erausfuerderung, déi awer mat Chancen a Virdeeler fir d’Zukunft verbonnen ass.

Och wann duerch d’Pandemie de Klimawandel iergendwéi an den Hannergrond geréckelt ass, esou heescht dat net, datt de Problem sech a Loft opgeléist huet. T’ass der Mënschheet hire risegen Challenge, fir d’Zukunft nees positiv ze gestalten. Schliisslech sollen och zukünfteg Generatiounen ee liewenswäerte Planéit bewunne kënnen.

A wat kann ee maachen?

De ganzen Dag iwwer ginn, bedéngt duerch déi aktuell Coronakris, digital Aktiounen ugebueden. Vu Video-Konferenzen, iwwer global Diskussiounen, bis hin zu Performancen huet ee sech och 2020 een räichhaltege Programm zesummegestallt.

Natierlech rett een iwwert den Internet net d’Welt, Informatioune vermëttelt ze kréien ass awer vu Virdeel. Dat generellt Zil ass et weltwäit kloer Schrëtt ze goen, déi noutwenneg Mesuren ze treffen an aktiv fir den Ëmwelt- a Klimaschutz ze schaffen. Schliisslech hu mir just dës Äerd, och wa mir aktuell op mannst ee weidere Planéit bräichten.

Kuckt ee sech nämlech den Earth Overshoot Day un, da läit Lëtzebuerg op der traureger zweeter Plaz. Um 16. Februar 2020 hate mir schonn all eis Ressource vum ganze Joer opgebraucht. Zäit ëmzedenken!

Passend heizou fannt Dir ee Schreiwes vun natur&ëmwelt, wéi den oppene Bréif vu BirdLife International am Artikel Neit Mënscherecht: Eng gesond natierlech Ëmwelt.

Ähnlech Sujeten Earth Day, Earth Overshoot Day, Ëmdenken, Ëmwelt, Environmental Protection Agency, Klimawandel, Liewewiesen, natierlech Ressourcen, Natur, Paräisser Klimaofkommes, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel