Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux: Ee Versprieche géint de Gebrauch vun Eewee-Plastik
International Neiegkeeten Stories

Cargolux: Ee Versprieche géint de Gebrauch vun Eewee-Plastik

Bis zum Enn vum Joer soll all Form vun Eewee-Plastik

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin
International Neiegkeeten Stories

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin

Um haitegen Donneschdeg, de 25. Juli wäert d’Autobunn A1 tëscht

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal
International Neiegkeeten Stories

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!

Et ass wuel ee vun den trauregsten Deeg, déi eist Land sech selwer zouzeschreiwen huet. Gëschter huet Lëtzebuerg den Earth Overshoot Day erreecht a steet domat op der bedréckender zweeter Plaz vum globalen Niveau.

Den Earth Overshoot Day ass eng Kampagne vun der Organisatioun Global Footprint Network. Am Kloertext gëtt hei deen Dag am Joer festgeluecht, un dem d’Bierger vun engem Land déi natierlech Ressourcen, déi eis Äerd produzéiert, vum ganze Joer opgebraucht hunn. Aus ekologescher Siicht lieft een duerno iwwert senge Verhältnisser hinaus.

D’Berechnunge bezéien sech op den ekologesche Foussofdrock vun 150 Natiounen. De gréissten Afloss hunn hei ënnert anerem de Waasserverbrauch, d’Liewensmëttelproduktioun, Wunnen a Brennstoffer. An anere Wierder ausgedréckt ass d’Land ab dem festgesaten Dag iwwerlaascht.

De Verglach tëscht de Länner

Knapp viru Lëtzebuerg steet de Qatar. Um 9. Februar hat dëst Land schonn alleguerten d’Ressource vum ganze Joer verbraucht. Op der traureger Plaz 3 stinn d’Vereenten Arabesch Emirater, gefollegt vun de Vereenegte Staate vun Amerika, Kanada a Kuwait. Bis zur éischter Halschent vum Joer sinn et insgesamt 29 Länner, déi mat hirem ekologesche Foussofdrock eis Äerd belaaschten.

Earth Overshoot Day

Op der drëttleschter Plaz steet Kuba (19.November) an uschléissend kënnt Jamaika (13. Dezember). Zu gudder lescht kann een de Vietnam opzielen, ee Land, dat mam Eart Over Shoot Day um 21. Dezember ganz hanne steet. An dësem Fall gëllt, datt de Grand-Duché ee vun de grousse Verléierer ass a mir nach vill ännere mussen.

Geet een der Zero Waste Konferenz vum Januar no, hält Lëtzebuerg souwisou méi op Recycling, wéi op der effektiver Reduzéierung vu Plastik an anere Stoffer. Géife mir den Trend vum Zero Waste alleguerte méi seriéis huelen, kéint een der Ëmwelt vill Guddes doen. Lo kann deen een oder anere Géigner gäre behaapten, datt déi „gréng Öko-Futzien“ am Onrecht sinn, an awer wäerte mir et sinn, déi a geraumer Zäit mat de Konsequenze liewe mussen.

Feste Shampoing reduzéiert 552 Millioune Plastiksbehälter

Ëmmer méi Leit steigen op selwer gemeeten oder natierlech Produiten ëm, sief et fir ze kachen, beim Botzen oder bei der Hygiène. A genau dëst ass eng wichteg Etapp an eiser Gesellschaft. Dem engen oder anere schéngt et vläicht komesch, sech mat engem feste Stéck Seef de Kapp ze wäschen, an awer bitt dës Method eng Rei Virdeeler fir de Kierper, wéi och fir d’Ëmwelt.

Eise Plastikkonsum huet een exzessiven Niveau erreecht. D’Kosmetikindustrie reagéiert op d’Bedierfnisser vum Client a bréngt ëmmer méi Verpakungen aus Plastik eraus, déi chemesch zesummesetzt Seefen a Cremen enthalen, fir eise Kierper ze fleegen – oder och ze schiedegen. An dësem Kader kommen awer och ëmmer méi Reaktiounen zum nohaltegen Trend, wouduerch feste Shampoing an Duschgel op sëlleche Plazen ugebuede gëtt.

Feste Shampoo

Dobäi hält ee Stéck vun dësem Shampoo esou laang, wéi 3 Fläschen un der Flësseg-Seef. Esou kann ee behaapten, datt ronn 552 Millioune Plastiksbehälter agespuert kënne ginn, déi normalerweis am Offall oder am Recyclage landen. Donieft bestoen dës Hygienesartikelen aus natierleche Stoffer, déi de Kierper schounen, fleegen a genau esou effektiv propper maachen, wéi ee chemesche Produit. No enger kuerzer Ëmgewinnunsgzäit wéilt een näischt aneschters méi benotzen.

Ee Bléck an eis Zukunft

De WWF huet eng Prognos gemaach, datt mir spéitsten 2030 ee weidere Planéit bräichten, vir eise Bedarf un Iessen, Waasser an anere Stoffer ze decken. Am Joer 2050 leie mir scho bei 3 Planéiten, wann et esou viru geet, wéi bis elo. Virun allem den héije CO2-Ausstouss vun den Entreprisen ass hei ee risege Problem.

Dobäi ka jiddweree vun eis kleng Schrëtter am Alldag maache fir esou an Zukunft am grousse Stil d’Ressourcen ze schounen. Am Beräich Waasserverbrauch géif et schonn duergoe beim Duschen de Krunn zouzedréien, wann ee sech grad aseeft. Ee sougenannten Duschspuerkapp kann hëllefen, datt den Duerchfloss-Volumen sech ëm d’Halschent reduzéiert. Donieft ass et sënnvoll just dann eng Wäsch ze maachen, wann de Kuerf och voll ass. Dobäi sollt ee just a wéinege Fäll iwwert 30°C hinaus goen.

Dës weideren ass et ee wichtege Schrëtt, fir richteg ze lëften an optimal ze heizen. Sou soll d’Buedzëmmer reegelméisseg gelëft ginn, fir d’Schimmelbildung nom Duschen ze evitéieren. Et sollt een awer drun denken, datt hei fënnef Minutte Stousslëften méi sënnvoll sinn, wéi d’Fënster dauerhaft op ze hunn. An der Kiche kann een, duerch d’Hëtzt vun den Elektrogeräter, spuersam heizen. Bei allen aneren Zëmmere gëllt: Wann een d’Temperatur schonn nëmmen ëm 1°C erofsetzt, kann een 5-10% un Heizenergie spueren.

Den eegenen ekologesche Foussofdrock kënnt Dir HEI ganz einfach ausrechnen!

Ähnlech Sujeten Earth Overshoot Day, Feste Shampoing, Lëtzebuerg, natierlech Ressourcen, Plastiksoffall, WWF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel