Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage
Meenung

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage

De virleiende Gesetzesentworf zur Reegelung vun de Stage, déi d’SchülerINNEN

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen
Meenung

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen

De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend
Meenung

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend

En neie Mount, dat heescht och: Neie Stoff op Netflix.

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)

Et steet schlëmm ëm eis Geschäftsleit. Nach ëmmer ginn et der vill ze vill déi einfach net liese kënnen. Well, wéi wier et soss ze erklären, dass ech awer nach ëmmer Reklammen trotz dem Pechbild “Keng Reklammen w.e.g.” a meng Këscht gehäit kréien?

Dofir kommen ech zum Schluss, dass et ganz schlëmm ëm déi Leit bestallt ass an datt déi wierklech keng Bildung hunn a net liese kënnen. Heimat fuerderen ech de Staat op, deene Leit Nohëllef ze ginn, an dofir ze suergen, dass si an Zukunft esouvill liese léiere fir wéinstens d’Pechbild op de Bréifkëschten ze erkennen an de Wëlle vun de Leit ze respektéieren.

Am anere Fall muss ech deene Leit selwer Nohëllef ginn, an déi gesäit esou aus: Ech schécken hinnen allerhand Onbrauchbares op hir Mailadressen an dat däerf ech dach wuel, well ech hunn do och kee Schëld bei der Mailadress gesi wou drop steet, dass déi Leit keng Maile wëlle mat z.Bsp. Schéine Billercher vu menge Blummestäck, Telleren an Tasen.

Do misst da jo awer jiddereen dat selwecht Recht hunn, oder? An ech verschécke jo nëmmen “Informatiounen”, déi Saache ginn et net ze kafen, also, wou ass de Problem, et si jo keng Reklammen…?

Elo kéint ee soen, ech géif domat d’Leit vläicht nerven, mä do muss ech awer wierklech dogéint halen, dass dat e schwaacht Argument ass. Ee wou sech direkt esou schnell genervt fillt well

hien e puer Maile kritt mat e puer schéine Fotoen, ass selwer Schold, et soll ee sech dach freeën a sech net iergere wann een esou eppes Schéines zougeschéckt kritt…

Vläicht ginn ech méiglecherweis vun engem rosenen Analphabet verklot a mir kréien zu Lëtzebuerg op déi Manéier eng Diskussioun wéi et ëm Reklammen an ëm de Respekt vun de Leit hirem Wëlle steet?

An datt da no engem Prozess net méi all Immobilienhändler mengt, dat wieren “Informatiounen” a keng Reklammen. Datt d’Pizzeria aus der Nopeschstad et och versteet. Datt den asiatesche Restaurant et och kapéiert, dass do e Pechbild drop ass, wat seet, “Hei net”. Datt all Firma sech bewosst ass, dass et Leit ginn, déi esou Ziedelcher net wëllen a net frou si wann trotzdeem all Woch awer nees e puer Blieder sënnlos verbëtzte Pabeier an hirer Këscht leien.

Muss et esouwäit kommen? Muss et da wierklech esouwäit komme fir dass déi Persounen, déi net liese kënnen, dat endlech och verstinn? Wa jo, da muss et esou kommen!

Olga Strabinsky

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Bréifkëscht, Lieserbréif, Reklammen, Respekt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel