Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm
Neiegkeeten Stories

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm

Fir jiddereen deen och 2018 iwwert Schwäizer an éisträichesch Autobunn

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
Neiegkeeten Stories

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
Neiegkeeten Stories

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat vill Léift a Gedold, an den ale Mauere vun der Becher Gar, braut. Wéi hie seet, huet et mat engem Hellen, en Ernierungsbéier am Grapp, dee sech ganz agreabel „Brouteg“, mat engem hauch Vanill, am Mond ufillt. En „einfache“ Béier, dee gutt sëffeg ass an vu sech aus no méi verlaangt.

Beim Rezept, ass sech u éisträichesch-bayresche Rezepturen orientéiert ginn. Bei Hellen ass dann och net grouss „experimentéiert ginn, et gouf sech op de gudden Happ an Geeschtmalz aus Bayern gehalen. Beim braue gëtt also aromateschen Happ a liicht karamelliséierte Malz agesat (2/3 Pils-Malz + 1/3 Geeschtmalz).

Et kann ee mat guddem Gewësse vun enger neier Interpretatioun schwätzen, wann een sech op Béierzorte bezitt, déi sech vun hirer Aart an dës Richtung bewegen, et awer scho méi laang gëtt. Dofir kann et virkommen, datt engem dësen Hellen wéi e gudde Bekannte virkënnt, deen een aus den Ae verluer huet. Den Hellen vun der Echternacher Brauerei sollt een a Frëndschaft genéissen.

Brauerei

Et huet just den Androck vu „chaotesch“. De Braumeeschter Mathias Mertes weess genee wou wat ass, an et dierf iech verséchert sinn, et hei esou propper datt ee vum Buedem kéint iessen. Mee wie well schonn eppes iesse wann et e Patt ze drénke gëtt? © Francis Mertens

Eppes zur Geschicht

De Patron vun der Echternacher Brauerei (EB), Pol Wesner, ass eigentlech vu Beruff Pilot a kënnt aus enger Wënzerfamill. Virun en etleche Joren, huet de Pol doheem am Keller seng Passioun fir de Béier entdeckt. Eigentlech wollt de Pol an der aler Scheier, am Bongert vu senge Grousseltere, lassleeën. Déi op der Gemeng hunn dovunner héieren, a gemengt, datt Gar et och géif maachen.

Esou kann et engem ergoen, an et léisst sech net méi vun der Hand weisen, datt déi Becher eng groussaarteg Iddi haten. Besser nach, et dréit zur Attraktivitéit vun der Gemeng u sech an der Regioun am allgemenge bäi. Den Hellen ass e Spëtzeprodukt aus der Regioun, op dee faktesch net eleng de Braumeeschter a säi Chef déck houfreg dierfe sinn, mee och d‘leit aus dem Duerf.

Firwat esou eng Behaaptung? Ganz einfach, den Hellen ass dräi Méint am Viraus ausverkaaft, an et gëtt ganz am Eescht driwwer nogeduecht, d‘Brauerei ze erweideren. Dat wier super, zemools et och ëmmer méi gastronomesch Etablissementer gëtt, déi dëse Béier op hirer Kaart dem Client wëlle proposéieren. Sollt dir him also emol an engem Café oder Restaurant begéinen, zougräifen!

Foto: Kill lageren an drénken, esou ass et geduecht. Mat senge 4,9% Alkoholgehalt, verlaangt et just Vernonft oder e Chauffer deen ee féiert, well dat eleiten ass där een, do bleift een nawell gären derbäi.

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Becher Gar, Craft Beers, Echternacher Brauerei, Hellen, Mathias Mertes, Naturdréiw, Pol Wesner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel