Search

You may also like

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
Money Neiegkeeten

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!
Money Neiegkeeten

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!

De Rapper „Turnup Tun“, dee bekannt ass seng Wierder net

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg
Money Neiegkeeten

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg

De leschten Dënschdeg hunn sech ronn honnert Mataarbechter vum Betreiungspersonal

money

ECOFIN: Wat bréngt d‘Zukunft?

ECOFIN: Wat bréngt d‘Zukunft?

Dëse 7. an 8. September hunn sech zu Wien, am Kader enger informeller Reunioun vum Eurogrupp d‘Wirtschafts- a Finanzminister (ECOFIN) an am Kontext vun der éisträichescher EU-Presidence iwwert déi zukünfteg strategesch Orientéierung vun der europäescher Investitiounsbank ënnerhalen.

Lëtzebuerg war duerch säi Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), vertrueden. Bei dëser Entrevue zum 60. Anniversaire vun der europäescher Investitiounsbank (EIB), ass sech iwwert déi zukünfteg Ausriichtung a Strategie vun dëser wichteger Institutioun ënnerhale ginn.

Och d‘Virschléi vun der EU-Kommissioun, am Bezuch op d‘Verdéiwung vun der Wirtschafts- a Währungsunioun (EMU) sinn zu Wien diskutéiert ginn. Hei ass sech dann och de Proposen ugeholl ginn, déi sech op de Programm „InvestEU“ bezéien.

Ugeschwat hunn d‘Ministeren, déi verschidde Budgetär Moyenen, déi a den ënnerschiddleche Memberlänner zu Verfügung musse gestalt ginn, fir strukturell Reformen am Interessi vun der makroekonomescher Stabilitéit ëmzesetzen.

Kryptowärungen a Blockchain

Bei de Gespréicher sinn sech d‘Finanzminister eens ginn, datt den Asaz vu Kryptowärungen a dem Blockchain-System, aktuell keng Gefor fir déi finanziell Stabilitéit duerstellt. D‘Minister sinn sech awer am kloren driwwer, datt een d‘Evolutioun vun de virtuelle Wärunge muss am A behalen.

Iert et zu Problemer kënnt, soll en europäesche Kader ausgeschafft ginn, deen dann zum Asaz kënnt wann et zu engem Dissens innerhalb dem Bannemaart komme sollt. Et ass hei dann och e Konsens fonnt ginn, mat deem e „level playing field“ op globalem Niveau muss fonnt ginn.

An dësem Kader huet de Finanzminister Pierre Gramegna drop insistéiert, datt et fir Europa immens wichteg ass, sech dem innovative Potential vun den neien Technologië vun der Finanz unzehuelen.

Hei warnt de Pierre Gramegna allerdéngs virun enger Iwwerreguléierung a setzt sech an fir en Equiliber tëscht der Fräiheet ze innovéieren an ze entwéckelen, an enger Reglementatioun am Interessi vun den Investisseuren engersäits, an dem Erhalt vun der finanzieller Stabilitéit anersäits.

Besteierung vun den Internetentreprisen

Beim Volet vun der Fiskalitéit vun der „numerescher Welt“, hunn sech d‘Ministeren zu der Propose vun der EU-Kommissioun ausgetosch. Et ass sech natierlech och der däitsch-franséischer Propose aus dem August ugeholl ginn. Déi huet bis ewell net de groussen Zousproch erhalen.

Den OECD-Generalsekretär, Angel Gurria, besteet op eng multilateral Approche, fir sech net dem Risiko vun Inkoherenz an enger Fragmentéierung vum ekonomeschen a fiskale Weltbild auszesetzen. Hien huet zu Wien dann och nach iwwert d‘Fortschrëtter bei der Definitioun vun engem neien international Steiersystem fir déi numeresch Ekonomie bericht.

Hei huet de Pierre Gramegna ënnerstrach, datt Lëtzebuerg d‘Objektiver fir eng equitabel an effikass Fiskalitéit fir d‘Entreprise aus dem numeresche Beräich ënnerstëtzt. Lëtzebuerg géif et begréissen, wann een hei zu enger globaler Léisung kéint kommen, déi op OECD-Niveau verhandelt soll ginn.

Am Kontext vun den Iwwergangsléisungen déi sech op d‘EU beschränken, huet sech de Pierre Gramegna iwwert d‘ Méiglechkeet vun der Aféierung vun der sougenannter „sunset clause“, déi vu Lëtzebuerg matgedroe gëtt geäussert. Déi muss kloer an däitlech, a strikt Zäitlech begrenzt sinn.

Foto: Am Kader vu sengem Deplacement hat de Pierre Gramegna och eng Rei bilateral Gespréicher. Esou mat sengem briteschen Homolog Philip Hammond (hei op der Foto) an dem Éisträicher Hartwig Löger, Finanzminister a President vum ECOFIN-Rot. Bei de Gespréicher ass et ëm déi politesch Prioritéite vun de nächste Méint gaangen. © MFIN

Related topics ECOFIN, EU-Presidence, Fiskalitéit, Pierre Gramegna, Wien
Next post Previous post