Search

You may also like

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären
Kultur Neiegkeeten

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären

De Schlecky Silberstein huet seng steil These gären, dat muss

E Mann kämpft ëm d‘Muecht
Kultur Neiegkeeten

E Mann kämpft ëm d‘Muecht

Am Kontext vum Parteidag vun de Republikaner, huet den US-President

D’Fro vum Dag: Wat genee ass Dankbarkeet?
Kultur Neiegkeeten

D’Fro vum Dag: Wat genee ass Dankbarkeet?

Fir mech ass Dankbarkeet d’Freed engem anere Mënsch eppes ze

„Écrivains de Frontières“: Iwwert Schrëftsteller a Palestina

„Écrivains de Frontières“: Iwwert Schrëftsteller a Palestina

De 14. Januar presentéiert de Circolo Curiel de franséischen Documentaire „Écrivains de Frontières“vum Samir Abdallah a José Reynes, den vun enger Grupp Auteuren handelt, déi zesumme Palestina besichen a sech d’Geschichte vu lokalen Auteuren ulauschteren.

Eng Delegatioun u grousse Schrëftsteller aus 8 verschiddene Länner, dorënner och Nobelpräisdréier an der Literatur, reest, aus Solidaritéit zu hirem poetesche Kolleg Mahmoud Darwich, den zu Ramallah festgehale gëtt, a Palestina. Hir Impressiounen, Bekanntschaften a Gespréicher ginn dobäi vun de Realisateure gefilmt, wat lokale Schrëftsteller d’Méiglechkeet gëtt sech ze äusseren an dësem „verbale Krich“.

Schonn eleng am belagerte Palestina ze sinn ass den éischte Schrëtt un Engagement, den d’Auteuren aginn. Et ass déi éischt Kéier, datt esou vill Schrëftsteller zesummen an eng Konfliktregioun reesen. Wichteg ass awer och, uschléissend d’Erliefnisser entweder a Schrëftform oder mat engem Film der Ëffentlechkeet ze weisen.

Un engem Méindeg Owend de Mount, vum Oktober 2018 bis Juni 2019, gëtt am Kino déi isrealesch-palestinensesch Situatioun thematiséiert. Unhand vun engem Documentaire oder engem fiktionale Film sollen déi verschidde Facette vum Konflikt gewise ginn. Dobäi soll awer och d’Wësse verdéift an d’Sensibilitéit gedeelt ginn. Uschléissend kann een den Owend mat engem Iessen am Restaurant Centre Curiel ofschléissen.

Adresse:
Circolo Curiel
107, route d’Esch
L-1471 Lëtzebuerg

Related topics Circolo Curiel, Écrivains des frontières, Film, José Reynes, Kino, Palestina, Samir Abdallah
Next post Previous post