Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich
Meenung Neiegkeeten

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich

Mëttlerweil vergeet kaum eng Woch, ouni datt net en neie

NASA: mat „New Horizons“ bis un d‘Enn vun der Galaxie
Meenung Neiegkeeten

NASA: mat „New Horizons“ bis un d‘Enn vun der Galaxie

Et ass verréckt a kaum ze gleewen, mee d‘NASA-Sond New

Inkohärenz a Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister Meisch
Meenung Neiegkeeten

Inkohärenz a Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister Meisch

De Syndicat du Personnel de l’Éducation nationale oevrant spécifiquement dans

Editorial: Show oder Noutwennegkeet

Editorial: Show oder Noutwennegkeet

Datt sech unhand den erschreckend steigenden Zuele bei de Covid19-Neiinfektioune Moossnamen imposéieren, an datt D‘Regierung dës dann och muss zäitno annoncéieren, dat dierft verständlech sinn. Datt et dann och esou Dréngend ass, datt sech de Staatsminister dofir eng Auszäit vum EU-Finanzsommet hëlt folgerichteg och.

Wann dann awer de Xavier Bettel mat Blo-Luucht vu Bréissel op de Sennengerbierg gefligert kënnt – wat jo elo net dee sécherste Wee ass – vir sech mat der Gesondheetsministesch a „Pose“ ze setzen, wat vun der Oppositioun nees dierft kritesch begleet ginn, stellen sech eng Rei Froen. Ëmmerhin ass Lëtzebuerg eng „Digital-Natioun“ an eng Videokonferenz wier bestëmmt méiglech gewiescht.

Et ass sécher luewenswäert, datt de Premier seng Gesondheetsministesch wëll ënnerstëtzen, mee hie sollt sech bewosst sinn, datt hien nach gebraucht gëtt, firwat et ubruecht wier déi Vernonft, déi vun anere verlaangt gëtt, och bei sech selwer unzewennen. Domadder wier d‘Noutwennegkeet vun der physescher Presenz widderluecht, woubäi ëm Show ass et dem Xavier Bettel och net gaangen.

Wann een da guttwëlleg wëll unhuelen, datt een als Regierungschef och d‘Flicht huet bei engem Regierungsrot physesch uwiesend ze sinn, well sech Presenz net duerch eng Visiokonferenz ersetze léisst, da sollt een zumindest iwwert Transportalternativen nodenken. Lëtzebuerg huet sech virun ee puer Méint ee richteg deieren Helikopter geleescht, an dat ass ee séchert Transportmëttel.

Gutt elo kann een dergéint halen, datt deen net als „Presidente-Kutsch“ geduecht ass, mee fléie muss den Helikopter jo awer, an eise Premierminister hätt wesentlech manner Stress gehat a wier bestëmmt méi sécher ënnerwee gewiescht, wéi mat Vollgas op enger belscher Autobunn. Datt et vläicht fir deen een oder aneren e Grond gewiescht wier ze lästeren, ass net auszeschléissen.

Et sollt awer ëmmer d‘Virsiicht, och oder besonnesch an der Urgence, Virrang hunn, firwat een duerchaus sollt driwwer nodenken, op fir dës relativ kuerz Distanz, den Helikopter net awer déi besser Léisung gewiescht wier. Wéi gesot, et kann een net vun anere verlaangen sech a säin Ëmfeld ze schützen, wann ee sech selwer onnéideg enger ganz reeller Gefor aussetzt.

Illustratioun: © G-R Mottez / unsplash

Ähnlech Sujeten EU-Finanzsommet, Helikopter, Premierminister, Pressebriefing, Regierungsrot, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel