Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ADR léisst kee gutt Hoer un der Regierung
high school dating anime Neiegkeeten

dating 2 different guys

Beim Rendez-vous op der Clairefontaine-Plaz war et ee sichtlech gléckleche

https://moien.lu/herpes-dating-sweden/
high school dating anime Neiegkeeten

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL

Gutt Nouvelle fir all Schüler a Pendler dee d‘Eisebunn benotzt:

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112
high school dating anime Neiegkeeten

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112

Wisou den Dag vum Noutruff op den 11. Februar fält,

Editorial: Adapto ass net „ëffentlechen Transport“

Editorial: Adapto ass net „ëffentlechen Transport“

Et ass et net well ee sech un enger „falscher Erklärung“ an der dorausser entstanener Petitioun (1329) ophänkt, datt ee ganz eeschte Sujet eng Léisung kann zougefouert kréien, déi zu gudder Lescht just polariséiert. Emol ganz dovunner ofgesinn, datt d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport fir jiddereen, ergo och vir all Persoun mat spezifesche Besoine gülteg ass.

Dat géif net wäit genuch goen, esou zumindest d‘Stëmmen aus der Politik (Oppositioun) an der Zivilgesellschaft (Gewerkschaften). Et ass dann och zimlech zügeg eng Facebooksäit an d‘Liewe geruff ginn, an där sech ënnerschiddlech Organisatiounen, déi sech fir d‘Rechter vu Mënsche mat engem Handicap asetzen, zesummefonnt hunn a koordinéiert Aktiounen organiséieren.

D‘Petitioun, déi um Méindeg de Quorum un Ënnerschrëfte kritt huet, also bannent fënnef Deeg genuch Leit schéngt vun der Sënnhaftegkeet iwwerzeegt ze hunn, muss awer dierfen a Fro gestallt ginn. Schliisslech geet et faktesch beim Service „Adapto“ net ëm dat wat d‘Definitioun vum „ëffentlechen Transport“ bedeit, mee hei ass een erwisenermoossen am Fall vum „Taxi“.

Et ass dann och net esou datt d‘Cliente vun Adapto iwwert den Dësch géife gezu ginn. Mat 5 Euro fir en „Aller-Simple“ oder 8 Euro fir den „Aller-Retour“, dierft och deem sträitbaarste Mënsch ersiichtlech sinn datt de Service muss subventionéiert ginn. Dat ass net wierklech vill Geld fir doheem, quasi vrun der Dier ofgeholl ze ginn an do ofgesat ze ginn, wou ee hiwollt.

Dat geet mam ëffentlechen Transport net. Wann een doheem wëll ofgeholl ginn, da rifft een en Taxi an deen dierft eppes méi wéi déi fënnef bis aacht Euro fuerderen, fir de Client ze kutschéieren. An et mécht et net besser ze argumentéieren datt sech dat Lëtzebuerg esou leeschte kann. Et geet och ëm déi allsäits gefuerdert Gerechtegkeet, an déi géif mat der Gratuitéit vun Adapto a Fro gestallt.

An esou schéisst d‘Fuerderung iwwert dat eigentlecht Zil eraus. Richteg misst et heeschen, datt de Service Adapto fir Persoune mat geréngem Akommes – also ënner Berécksiichtegung vun der individueller Situatioun – ageschränkt „Gratis“ sollt sinn. Wéi gesot nach ëmmer schwätze mir hei vun engem personaliséierte Service, deen am Prinzip wéi en Taxi funktionéiert.

Politesch ass et natierlech och e Reizthema, an de Minister fir Verkéiersonsécherheet an oppenen Datebanke sollt sech der Diskussioun offensiv stellen. Während nämlech d‘Verbänn déi fir d‘Rechter vu Mënsche mat Handicap duerchaus den „Optrag“ hunn esou Fuerderungen ze stellen, esou solle Gewerkschaften a Parteien, sech fir Gerechtegkeet a Gläichberechtegung staark maachen.

Hei gëtt mat enger schlechter, dozou och nach ongerechter Fuerderung, eng Polemik ausgeléist déi net fundéiert ass. Hei gëtt eppes mat den Hoer erbäigezunn, fir d‘Regierung engersäits an de François Bauch anersäits, an ee schlecht Liicht ze stellen. Emol ganz dovunner ofgesinn, datt et och Gewerkschafte gëtt déi géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport sinn…

Foto: Frantisek/Pixabay

Ähnlech Sujeten ADAPTO, Ëffentlechen Transport, Gratuitéit, Handicap, Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel