Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen
Meenung Neiegkeeten

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen

De britesche Laboratoire, deen déi genotzte Substanz analyséiert huet, déi

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018
Meenung Neiegkeeten

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

En Donneschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg erëm den desjäregen Anne Beffort

money
Asselborn: “Si hunn eis den Handelskrich erkläert”
Meenung Neiegkeeten

Asselborn: “Si hunn eis den Handelskrich erkläert”

No der Bedreeung duerch den Donald Trump, Douanestaxen op Stol

Editorial: ADEM? Wat leeft?

Editorial: ADEM? Wat leeft?

Nodeems dann elo erwisen ass, datt et och op der ADEM hausgemaachte Problemer gëtt, déi awer – an dorops dierft d‘Direktesch Isabelle Schlesser sech gefreet hunn – vu „geléintem Personal“, also sougenannten „externe Mataarbechter“ verursaacht ginn, gëtt et Rei Punkten déi a Fro ze stelle sinn.

Wa Persounen, déi ee sech bei eng privat Firma léine geet, bei engem schaffen an dat dann iwwert e längeren Zäitraum (an dësem Fall offensichtlech 6 Joer) huet een engersäits en zolitte Personalproblem – d‘Aarbecht gëtt jo, wéi och schonn dem Dan Kersch säi Virgänger erkläert huet, net manner – an anersäits léisst een de Verdacht opkommen, et selwer net ze kënnen, d‘Aarbecht…

Hei dierf een eigentlech frou sinn, datt sech e klenge Skandal opdeet, deen déi ganz Institutioun emol an de Fokus vun der Opmierksamkeet réckelt. Eigentlech, esou déi gängeg Meenung an der Ëffentlechkeet, sinn d‘Mataarbechter vun der ADEM entweder Staatsbeamten (vereedegt) oder zumindest „Privatbeamten“. Dat ass scho laang net méi de Fall, op der ADEM gëtt et vun allem.

Esou gëtt et Demandeuren déi aneren Demandeuren erkläre wéi een en CV ausfëllt – woubäi ee sech freet mat wéi enger Qualifikatioun – et gëtt Studenten a jo, esouguer Pensionäre solle schonn „an den Asaz“ geschéckt gi sinn. Datt een dann och direkt d‘Opnam an d‘Vermëttlung vun den Demandeuren un zouverlässegt Personal vun engem externe Partner iwwergëtt, ass konsequent.

Dat ass elo sécherlech eng gewot provokativ Ausso, well et verleet derzou feststellen ze wëllen, datt d‘Personal, dat op der „Payroll“ vun der ADEM steet, éischter wéineg motivéiert ass. Dat mat der „Motivatioun“ – fir déi wou d‘Gléck haten nach ni d‘ADEM beusprocht ze hunn – kann ee sech all Dag mat eegenen Aen ukucken, och wann et elo mam Rendez-vous eppes besser ginn ass.

Hale mer hinnen am Zweiwel zerguttst, datt si, wéi an der Privatwirtschaft heiansdo mat „Spëtzten“ ze kämpfen hunn an dofir net extra Leit fest astelle wëllen, da léiwer de Studenten ënnert d‘Äerm gräifen, de Pensionären e klengen Extra zoukomme loossen an „Demandeuren“ zu „Beruffserfarung“ verhëllefen. An engem Fall awer huet dës „Spëtzt“ sech iwwert sechs Joer festgebass gehat.

Et beweist och, datt d‘ADEM et net ganz esou mam Respekt géintiwwer de Mënschen huet. Dat ass batter mee, sech iwwer sechs Joer laang eng „Aarbechtskraaft“ auszeléinen, wéi wann et e banale Leasing vun engem Computer oder engem Auto wier, kann een net wierklech ënner „sozialem Engagement“ ënnerbréngen. Et ass dann och éischter bewosst de Geck mat de Leit gemaach…

Ofschléissend wier dann nach festzestellen, datt wann een den eegenen Optrag un drëtter weider gëtt, een zumindest nach esouvill Aarbechtsäifer opbréngt, an d‘Opsiicht iwwert seng Serviteure behält. Dat schéngt, de Fall vun der Verontreiung vun iwwer 90.000 Euro mécht et däitlech, dann awer eng Ufuerderung ze sinn, där dës Institutioun net méi an der Lag ass ze entspriechen. Schued.

Foto: Klaus Hausmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtsvermëttelung, ADEM, Isabelle Schlesser, Outsourcing
Nächsten Artikel Virrechten Artikel