Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA a Saudiarabien vereent géint d‘Ajatollahen
Kultur Meenung dating sites in austin

best hook up sites reddit

No der Attack op saudesch Pëtrolsraffinerien, huet sech d‘Kinnekräich mat

over 50 dating north wales
Kultur Meenung dating sites in austin

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?

Zwou Frae waren an engem Londoner Nuetsbus iwwerfall ginn, well

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter
Kultur Meenung dating sites in austin

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter

D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn

Editorial: Seet een esou senge Kollegen Äddi, Här Camora?

Editorial: Seet een esou senge Kollegen Äddi, Här Camora?

Wärend de RAF Camora, zesumme mat sengem 187er Kolleg Bonez MC, momentan een immense Succès a Superlativer virweise kann, huet hien eréischt viru kuerzem bekannt ginn, datt Enn 2020 Schluss ass mat dësem Kapitel. Fir den Optakt vun der Zousaztour „Palmen aus Plastik 2“ ware béid Museker gëschter an der Rockhal. D’Press war scheinbar net invitéiert, mee seet een esou senge Kollegen Äddi?

Jo, meng perséinlech Preferenzen a Saache Musek leien am Beräich Rock a Metal. Aus Interessi un de Shows, der Musek, dem Publikum an der genereller Atmosphär bei anere Musek-Genres hunn ech mech awer a leschter Zäit och emol an aner Richtunge gewot. Vu Klassik, iwwer reegelrecht Schmusemusek, bis hin zur elektronescher Musek sinn dobäi nieft den neien Erliefnisser och immens vill positiv Iwwerraschungen dobäi komm.

Mam Concert vum RAF Camora a Bonez MC wollt ech een Abléck an den Hip Hop a Rap kréien. Kucken ech eleng den Optrëtt, esou war d’Show, de Klang, d’Opmaachung, d’Stëmmung an d’Qualitéit vun der Musek iwwerwältegend. Egal op een dëse Stil dagdeeglech gäre lauschtert oder awer aner Preferenzen huet, als reegelrechten Neizougang an dësem musikalesche Beräich kann een d’Rapper nëmme luewe fir hir Kreativitéit, Iddien, Talent an Energie. Natierlech ass et och bei hinnen textlech vill ëm Drogen, Waffen, Autoen, Erfolleg a Frae gaangen – Klischee bestätegt?

Raf Camora a Bonez MC

Datt d’Artiste selwer, wéi och de Publikum, den Jogging mat Turnschong, Kap an décker Kette kombinéiert hunn, hat ech mir am viraus geduecht. Geet een dem Viruerteel vun de kiffenden Hip Hopper no, esou muss ech – leider – bestätegen, datt et ee Concert fir all d’Sënner war. De Bass huet am ganze Kierper spierbar vibréiert, d’Musek goung duerch d’Ouere wéi botter, de Béier ass gefloss an et huet immens gréng geroch. A bei dësen Ausmoosse konnt och d’Security net méi duerchgräifen. Krut een eng Verwarnung, esou gouf just wéineg Minutte méi spéit déi nächst Tiitchen ugefaangen. D’Artiste selwer waren, equipéiert mam Briquet an eppes ze fëmmen, net dat bescht Beispill. Nujee, wann een et braucht…

Wat sech als Journalist an dësem Fall méi traureg erausgestallt huet, war d’Organisatioun. Scho viru Woche koum op Ufro d’Zouso, um Concert Fotoe maachen ze dierfen an uschléissend een dozou passenden Artikel schreiwen ze kënnen. Wéineg Stonne virum Optrëtt koum schliisslech d’Ofso fotograféieren ze dierfen, an op een spéider e puer Biller zougeschéckt kriit, wousst och keen. De Fait, datt um Concert selwer d’Kamera-Team vun de Museker de Gruef ageholl huet, ass een och eréischt an der Rockhal selwer gewuer ginn. Aus organisatoresche Grënn ass et fir Redaktioune scho vu Virdeel esou Informatiounen éischter ze kréien, wa méiglech och mat Begrënnung.

D’Ekipp vum RAF Camora a Bonez MC huet dobäi eng super Aarbecht geleescht an d’Fans mat Live-Videoen op de risegen Ecrane lénks a riets ënnerhalen. Kee Problem also, datt een da selwer op d’Fotograféiere verzicht. D’Iddi mat de Bildschiermer war – och wann d’Rockhal am Verglach zu aneren Halen zimlech kleng ass – top an et kéint ee sech esou Moossnamen och an Zukunft vun den Organisateure wënschen.

Elo hat ech, an domat och déi ganz Redaktioun, schonn op eegen Opname verzicht. Ukomm an der Entrée dunn de Clou: „D’Press gouf komplett ofgesot“, schéin esou eng Nouvelle awer am viraus gesot ze kréien. Waren et d’Rapper selwer, déi nëmme keng Reklamm wollten, oder hat d’Organisatioun Angscht virun der Press? Op dës Fro konnt leider keen äntweren.

Fir de RAF Camora wier et op alle Fall kee positiven Ofschid. Hie selwer wëll aus Grënn vun der Authentizitéit no dëser Tour d’Kapitel ënnert dësem Kënschtlernumm zoumaachen. „An dat ass de Moment, wou ech soen: Bis heihi war et super. Mee wann ech weidergoe géif, wier ech als RAF Camora net méi hongereg genuch“, sou de Rapper bei engem Interview mam Magasinn Hiphop.de. Dobäi hëlt hien déi wirtschaftlech Konsequenze gären a Kaf, denkt driwwer no sech aneren Ziler, wéi beispillsweis enger Famill, zouzewennen. Verständlech wann een zënter Joren an dësem Geschäft ënnerwee ass.

Mee dobäi bleift eng Fro bestoen: Wëll een net grad, bei esou engem Ofschid, mat gudder Press ee Kapitel ofschléissen? Wier net grad elo de Moment, fir d’Dieren opzemaachen, an nach emol alles aus den Optrëtter erauszehuelen? Nieft de Fans sinn et schliisslech d’Journalisten a Fotografen, déi d’Museker um Liewen halen. Huet een esou eng fantastesch Show ze bidden, wéi bei “Palmen aus Plastik 2”, duerch déi ee souguer ee klenge Metalhead begeeschtere kann, da wier et grad un der Zäit, sech matzedeelen.

Ähnlech Sujeten Äddi, Bonez MC, Concert, Fotograf, Hip-Hop, Kritik, Ofschid, Ofso, Organisatioun, Palmen aus Plastik 2, Press, RAF Camora, Rap, Rockhal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel