Search

You may also like

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren
Meenung Neiegkeeten

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren

Och an der Medezin kënnt et duerch de COVID-19 zum

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss
Meenung Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden
Meenung Neiegkeeten

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

Editorial: Akzenter Setzen

Editorial: Akzenter Setzen

De Rapporter vum Budget kënnt aus de Reie vun der LSAP-Fraktioun an der Chamber an heescht Yves Cruchten. Hien zielt sech selwer zum „lénke Spektrum“ an der sozialistescher Partei an sech duerchaus bewosst, datt d‘Presentatioun vum Budget virun allem eng „politesch“ Missioun erfëllt, och wann een – unhand de bekannten Zuelen – vun enger gudder Finanzlag ausgoen dierf.

Firwat de Finanzminister sech beim Logement bedeckt gehalen huet, wéi hien déi lescht Woch de Budget presentéiert huet? Dorops wäert den Yves Cruchten wuel net agoen, wann hien d‘Wuert ergräife wäert, mee et heescht hien hätt sech virgeholl d‘Alldagssuergen, d‘Ongläichheeten an d‘Aarmut op de Leescht ze huelen, an d‘Geleeënheet notze fir Recommandatiounen ze maachen.

Dat ass alles lueflech, mee wann d‘Regierung d‘Problemer am Zesummenhang mam Logement net endlech tatkräfteg ugeet, komme mir net virun. Et géif jo Moossname fir géint d‘Spekulatioun virzegoen an déi leien an den Hänn vun de Gemengen, déi awer net wierklech gewëllt sinn d‘Gesetz och unzewennen. Wier et do net besser et deenen nees ewech ze huelen an selwer aktiv ze ginn?

An do läit den eigentleche Problem: den Yves Cruchten huet wuel erkannt, datt et Mesure gëtt déi net ëmgesat ginn an dat d‘Problemer am Kontext vum Logement d‘Potential hunn d‘Land an eng zolidd Kris ze leeden. Wann ee sech tëscht „um Liewen deelhuelen“ an „Wunne“ muss entscheeden, entsteet wäit méi wéi eng „Ongerechtegkeet“, d‘Leit ginn onzefridden a schäre mat de Féiss.

Dozou kënnt de scho bal zwanghafte Wuesstem, deen de Mëssel am Logement éischter verschäerft an zudeem och keng Léisung fir déi gläichfalls zolidd Problemer bei der Mobilitéit ass. Dat stëmmt och am Kontext vun de gesate Klimaziler, déi wuel ambitiéis, awer mat dëser Politik – och déi vum Yves Cruchten – net emol am Usaz ze erreeche sinn. An awer wëll hien Akzenter setzen…

Foto: © Yves Cruchten

Related topics Budget, Logement, LSAP, Sozialdialog, Wuesstem, Yves Cruchten
Next post Previous post