Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis
signs your falling for your hookup

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis

No enger Petitioun zur Legaliséierung vum Cannabis, war den Zousproch

what are some good free hookup sites
https://moien.lu/dating-1970s-stratocaster/
signs your falling for your hookup

De Stroumpräis geet zolidd an d‘Luucht

Laut der Matdeelung vum lëtzebuergesche Reguléierungsinstitut (ILR) sinn d‘Stroumpräisser nees

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt
signs your falling for your hookup

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

D‘CGFP wëll déi verbleiwend Méint bis zu de Chamberwahlen notzen,

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.

Fir déi, déi et nach net woussten: E Wahlkampf ass e Wettsträit vun den Iddien. Dovunner mierkt een am Gemengewahlkampf je no Gemeng wéineg. Erschreckend, well doduercher gëtt d‘Politik net méi sexy. Mee dat ergëtt sech och doduerch, wat d‘Prioritéit Nummer 1 fir d‘Parteien ass: D‘Lëscht voll kréien. An dann eréischt schaffe mer d‘Iddien aus.

Dat ass schued, well do ginn et vill Themen, déi et unzepake gëllt. A virun allem op lokalem Niveau kënnen nei Iddien en duerchaus groussen Impakt hunn. An jo, et ass wichteg, déi grouss Themen dran ze hunn: Wunnengsbau, ëffentlechen Transport, Infrastruktur a sou weider. Mee Visioune – déi politesch, keng optesch – muss een och hunn, an un deene schéngt et ze feelen. Schlëmmer, wann een der huet, gëtt sech iwwert ee lächerlech gemaacht.

Dëst weist op eppes hin: De Lëtzebuerger ass e Kappwieler, gëtt engem oft gezielt. Dat heescht net onbedéngt, datt e sech Gedanken iwwert de Wahlprogramm mécht, mee léiwer d‘Kräiz bei sympathesche Kandidate mécht. Sympathie ass dommerweis keen Indiz fir Kompetenz. An dowéinst lount sech de Bléck an de Wahlprogramm.

Glécklecherweis ginn d’Parteien hin, an etabléiere Wahlprogrammer. Oft souguer e puer, eemol national, an dann an all Gemeng e separaten. Mee vun deene Programmer gesäit een op de Stänneren a Plakater, déi een ënnerwee begéint, net vill. Do kritt ee bal nëmme Käpp ze gesinn, wéi wann et eng Usammlung vu Steckbréiwer wier, sou wéi een se an engem Western kéint gesinn.

De Bierger muss sech also seng Kärthemen deelweis selwer eraus picken an d’Wahlprogrammer duerchgoen. Eng demokratesch Flichtübung, wuelverstanen, an dach wäert em opfalen, datt sech do villes gläicht. De Wunnengsbau ass iwwerall en Thema, grad esou wéi den ëffentlechen Transport. An et muss een sech froen: Wéi vill kann eng Gemeng hei maachen? Sinn dat keng Saache fir den nationalen Niveau. Villäicht ass dat de Grond, fir d’Zeréckhalung?

Ähnlech Sujeten Demokratie, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel