Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Adelshochzäit vum William a Kate virun 8 Joer!
Meenung Neiegkeeten

sand mountain matchmaking

Et war d’Hochzäit vum Joerzéngt! Um 29. Abrëll 2011 hunn

ceca dating
Meenung Neiegkeeten

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!

Vergaangene Samschdeg war zu Koplescht am Centre Wirtspesch eng méi lass:

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn
Meenung Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn

D‘Stad Lëtzebuerg deelt mat, dat am Kader vun de Chantieren

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt

Laut engem Bericht vun Eurostat ass Lëtzebuerg dat Land an der europäescher Unioun an deem – proportionell betruecht – déi meeschten Autoe geklaut ginn. An effektiven Zuele waren et 2018 alles an allem 265 Gefierer déi esou en neie Proprietär fonnt hunn an och eis Poliziste fannen, datt gemooss un der Awunnerzuel, dat scho beträchtlech ass een awer och muss relativiséieren.

Iwwert déi lescht Jore gesinn an am direkte Verglach zum Zäitraum 2012-2015, sinn d‘Autodéifställ réckleefeg: 2016 (242); 2017 (288) an 2018 (265). Bis dohinner waren et eigentlech ëmmer iwwer 300 Autoen déi geklaut goufen. Am meeschte geklaut gëtt an der Stad an zu Esch, wou elo erëm jiddereen dierft soen: „Jo dat ass jo och kee Wonner!“ wat awer eppes mat der Gréisst ze dinn huet.

Wien elo d‘Fro stellt, firwat grad Lëtzebuerg fir d‘Brigangen esou interessant ass, deen ass schlecht a Geografie. Och wann déi sëlleche Stauen op eise Stroossen d‘Grenzen u sech, zäitlech eppes méi vum Zentrum ewechgeréckelt hunn, esou huet en héicht Verkéiersopkommes och vill Virdeeler, dat well sech d‘Gauner an der Mass verstoppe kënnen. An nuets ass een nees séier op der Grenz…

Et ass also verhältnesméisseg einfach, wann een en passend Gefier fonnt huet, dat dann och aus dem Land ze bréngen. A wat d‘Gefierer betrëfft, esou gëtt et do ee grousse Choix besonnesch am méi luxuriéisen awer och sportleche Segment. Well „proportionell“ gesinn, gëtt et zu Lëtzebuerg Modeller wéi Porsche, BMW an/oder Audi – déi vill Leit uspriechen – am absoluten Iwwerfloss.

Gutt dat sinn och déi Marken déi ëmmer nees vu sech behaapten déi beschte Schutzvirriichtungen ze hunn, woubäi natierlech och déi „onéierlech Händler“ keng Technologiebanause sinn a längst hiren technesche Virsprong ausgebaut hunn. Grad bei „Keyless“ Gefierer gëtt gären zougeschloen an hei kann ee recommandéiere wat ee wëll, Sécherheet am eigentleche Sënn gëtt et einfach net.

Iwwregens – et ass zwar nëmmen en Detail an awer – wann d‘Gefier bis d‘Land verlooss huet, gëtt et kaum eng Chance dat erëmzekréien. An wann esou e Gefier emol am Ausland opfonnt gëtt, dann huet et meeschtens Schued erlidden an/oder et ass richteg komplizéiert säi Besëtz nees auszeléisen. Zudeem ass déi grouss Majoritéit vun de geklauten Autoe Vollkasko-verséchert. Also kee Stress…

Illustratioun: Envato

Ähnlech Sujeten Autosdéifstall, Déifstall, EUROSTAT, Lëtzebuerg, Police, Vollkaso
Nächsten Artikel Virrechten Artikel