Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou
dating in medway kent Meenung

https://moien.lu/rogers-drums-dating-guide/

Laut persistente Rumeuren, sollt d‘Patisserie Namur hir Filial an der

https://moien.lu/speed-dating-ottawa-gatineau/
dating in medway kent Meenung

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!

De Kanton Miersch befënnt sech mëtten am Häerz vum Land.

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit
dating in medway kent Meenung

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Zu Salzburg, beim informellen EU-Sommet vun de Staatscheffen, do huet

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen

Wéi domm dierf e Mënsch sinn? Dat ass am Kontext vum Autofestival eng ganz realistesch Fro, a fir et virewech ze huelen: „Jiddereen dierf esou domm si wéi hie wëll!“. Konjunkturell gëtt dem Land net schlecht, an et gëtt der genuch, déi dat néidegt Klenggeld hunn oder et sech besuerge kënnen, fir sech en neit Gefier vrun d‘Dier oder an d‘Garage ze stellen, wann een esou eppes huet.

Natierlech haten déi Dammen an Häre vun der FEDAMO (esou heescht den Zesummeschloss vu Fegarlux, dat war fréier de Verband vun de Garagisten, an ADAL, dat war emol de Verband vun den Distributeuren) datt sech d‘Press op den Zoulaf, an déi gutt Verkafszuele konzentréiert, méiglechst vill gratis Reklamm mécht an net op Skandaler an/oder Ëmweltsënne vun der Autosindustrie ageet.

Wann een awer feststellt, datt et an de Garagen net wierklech déi „ëmweltfrëndlech“ Gefierer sinn, déi héich gehandelt ginn – bei Renault sinn et beispillsweis d‘Modeller Scenic a Kadjar – da gëtt et zwou Méiglechkeeten: Dem Client ass Ëmwelt- a Klimaschutz onbekannt an entspriechend egal, oder de Client kritt säin 2 Tonne schwéiere SUV als Léisung vun de Klimaziler verkaf.

Gutt, d‘Häerz – et dierf och d‘Fra oder d‘Frëndin sinn – entscheet beim Kaf vun engem Gefier mat. Et hätt een et gäre sportlech, dem Noper sollt méiglechst de Mond vun Näid opstoe bleiwen, grouss a geraimeg bleift eng Optioun. Natierlech soll den Auto esou mann wéi méiglech verbrauchen an de Wäertverloscht sollt sech a Grenzen halen, well et gëtt jo net ëmmer Subventioune fir dee neien.

Bei VW ass Stëmmung trotz Dieselskandal, beschtens an beim Losch hunn och SEAT a Skoda vill Zousproch bei de Clienten. Datt et beim Diesel keng Grëtz besser ginn ass, et kee Golf an och keen Ibiza gëtt, deen déi Verbrauchswäerter an der Realitéit Opweises huet, deen iech vum Verkeefer „garantéiert“ gëtt – et steet esou am Buch also stëmmt et – weess eigentlech all Mënsch, mengt een.

Nee esou einfach ass dat net. Natierlech weess een datt engem de Vendeur Mäerecher erzielt, an et huet een nach virun der Ënnerschrëft um Comptoir déck getéint: „den eleiten hëlt keen op den Aarm wann en d‘Been dohinner hält“, fir dann awer, et ass ee schliisslech manéierlech, dem Garagist säi beschte Frënd ze sinn, egal wat fir e Brach deen engem opdëscht. Et hätt jo gären e gudde Präis.

Ähnlech Sujeten Autofestival, Dieselskandal, Fedamo, Vente, Verbraucherschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel