Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier
Meenung

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier

Viru gutt enger Woch war schonn emol eng Nossschuel virun

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!
Meenung

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!

Si hu laang no him gesicht, an se hunn e

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?
Meenung

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘EU-Deputéiert op eng Resolutioun gëeenegt, mat

Editorial: Bis un déi lescht Grenz

Spacemining an d'Dreem

Editorial: Bis un déi lescht Grenz

Space, the final Frontier. Mat deene Wieder begleet de Patrick Stewart all Folg vun Star Trek: The next Generation. A scheinbar hëlt et sech eis Regierung zu Häerzen, hunn se de Weltraum dach vir sech entdeckt. Oder besser: Si hunn e wirtschaftlech entdeckt.

Eriwwer sinn d’Zäiten, wou de Weltraum eng Plaz vu romantesche Zukunftsbestriewunge war. Eng Plaz, wou een sech moosse konnt, ouni mateneen e Krich unzefänken. Wou den alen Entdecker-Kult an tehcnologesch Innovatioun am Virdergrond stoung. A wou mer wesentleche Froen nokoumen. Wéi zum Beispille: Wouhir komme mer? Wohi gi mer?

An d’Plaz dovunner réckelt elo: Wéi kënne mer d’Ressource Weltraum am beschten notzen? Et ass d’kapitalistesch Entwäertung vum Mënschheetsdram, de Weltraum ze erkonnen. Elo steet de Profit am Virdergrond, sou wéi eigentlech iwwerall soss och.

Da falen engem ganz aner Referenzen an, wéi Star Trek. D’Welt vun „Alien“ beispillsweis kann duerchaus als eng antikapitalistesch Kritik gelies ginn. Virun allem am zweete Film, „Aliens“, wou Privatfirmaen ganz Planéiten koloniséieren, an dobäi aus reng wirtschaftlechen Interessen eraus Mënschen a Gefor bréngen.

Kritt Lëtzebuerg elo och Colonial Marines?

Ganz ofgesinn vun dësen typeschen Science-Fiction Bedenken, ginn et der och, déi méi konkret vu Wëssenschaftler geäussert ginn. Do wier zum engen d‘Gefor vu Kontaminatioun (souwuel vun anere Planéiten mat eisem Material, wéi och ëmgekéiert) an d‘Verschmotzung vum Weltall. Mir sinn jo schonn esou dobäi, relativ vill Weltraumschrott ze produzéieren, an dat kéint liicht och herno de Fall sinn.

Selbstverständlech ass en Drängen op eng Kommerzialiséierung net duerchgoend eng schlecht Saach. Wéi SpaceX scho gewisen huet, kann et zu wesentlechen Innovatioune féieren. Dat ass gutt, virun allem an engem Secteur, wou nom Kale Krich manner gelaf ass. Mee vue datt aner Natiounen, allen virun China, souwisou schonn dobäi waren, de Weltraum als Prestige-Objet fir sech ze entdecken, muss een sech froen, op dat wierklech noutwenneg gewiescht wier.

Op der anerer Säit kéint Lëtzebuerg hei enger Entwécklung virgräifen, déi sou oder sou kënnt. Am Weltraum kann een enorm Chance vermudden. An et ass eng Industrie, déi d‘Potenzial huet, enorm ze wuessen. An d‘Aarbechtsplazen kéinte mat ënner e wichtegen Aspekt sinn, fir d‘Zukunft vun eisem Land mat ze bestëmmen. Mir erënneren eis dorunner, datt duerch Gesetzgebungen schonn e puer mol dofir gesuergt ginn ass, datt sech Industrien a Sekteuren hei néier gelooss hunn. Do fällt engem beispillsweis d‘Gesetzgebung fir Fond-Gesellschaften a Medienbetriiber. A sécherlech ass et net déi éischte Kéier, datt de Gand-Duché de Weltraum fir sech entdeckt – Siehe SES.

Mee et geet awer eppes verluer, den Dram, deen d‘Science Fiction eis erméiglecht a formuléiert huet. Ëmsou méi wichteg, datt mer och op d‘Warnunge lauschteren.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Space Mining, Weltraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel