Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!
Meenung Money Neiegkeeten

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Stater Schäffen- a Gemengerot mat grousser Freed

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange
Meenung Money Neiegkeeten

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange

Déi amerikanesch Justiz huet Groussbritannien op en neits opgefuerdert de

dislike
Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo
Meenung Money Neiegkeeten

Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo

An der Enquête zum Verdacht vun der libescher Wahlkampffinanzéierung vum

money

Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro

Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro

Datt déi vun der Wirtschaft geleete Politik och a Krisenzäiten net vergësst wéi engem „Här“ si ze déngen huet, dat kéint villen den Ament eppes aus dem Sënn geroden. Woubäi dat verständlech ass, bis ewell huet dës schonn eppes neoliberal opgestallte Regierung bei der Krisebewältegung sech als Fiels am Stuerm erwisen. Mir sollten eis awer näischt hannenerëm ënnerjubele loossen.

An de leschte Wochen, wou eng Moossnam déi aner ofgeléist huet, an een natierlech gutt beroden ass alles an d‘Wee ze leeden, fir eng Verbreedung vum Coronavirus Covid19 méiglechst effektiv ze verhënneren, hunn sech eng Praxis duerchgesat, déi mindestens „bedenklech“ ass. Esou huet et elo eng ganz Rëtsch u Geschäfter, déi de Covid19 notzen, fir d‘Boergeld faktesch ofzeschafen.

Interessant, déi Lëtzebuerger Zentralbank gesäit selwer kee Risk vun erhéichter Infektiounsgefor bei Boergeldtransaktiounen, ass awer anersäits ganz engagéiert, wann et ëm d‘Ofschafe vun dëser Bezuelmethod geet. Och eis Regierung, déi zwar offiziell keng Absichte verkënnt huet d‘Boergeld ofzeschafen, ass enger „Terminéierung“ vum Boergeldverkéier net wierklech ofgeneigt.

Et ass elo awer ee politesch héich brisante Sujet, firwat een den Ament och éischter beméit ass, senge Wirtschaftspartner ze erklären, datt de Moment net adequat ass. Esou gëtt mat Appeller un d‘Vernonft an de Respekt versicht ze erklären, datt et wuel eng sanitär Mesure ass, mee weder de Finanzminister nach d‘Konsumenteschutzministesch, dës Bezuelmethod net a Fro géife stellen.

Dat verhënnert net, datt et Geschäftsleit gëtt déi hir eegen Noutstandsgesetzer agefouert an esou elo hire Clienten de Paiement mat Kreditkaart, Bancomat oder Smartphone opzwéngen. Gesäit een emol dovunner of, datt et och nach där Leit gëtt, déi net iwwer ee vun de genannte Servicer verfüügt fir seng Kuuscht bei Bäcker ze bezuelen, esou gëtt dat massiv vun de Banken ënnerstëtzt.

D‘Pandemie ass esou och ee groussen „Test“, mat deem sech erfuersche léisst, wéi wäit et méiglech ass de Boergeldverkéier méiglechst wäitgräifend, wann net esouguer voll a ganz ofzeschafen. Grad fir d‘Banke sinn déi elektronesch Payementer eng wichteg, essentiell Informatiounsquell, déi alles iwwert de Client ausseet. Et dréit zur Analys vun der Kreditwierdegkeet bäi, och wann et illegal ass.

Bis ewell sinn et just de Konsumenteschutz (ULC) an e puer Deputéierten, déi sech drop behaapten, datt de Refus Boergeld als Bezuelmethod unzëerkennen de falsche Wee ass, woubäi sech hei méi op bestoend Gesetzer, wéi dann op d‘Hannergrënn vun esou Mesure konzentréiert gëtt. Et gëtt och gären ugefouert, datt d‘Kriminalitéit esou behënnert gëtt. Déi awer notzt längst Kryptowärungen…

Illustratioun: © Clay Banks / unsplash

Ähnlech Sujeten Boergeld, Coronavirus, Covid19, Konsumenteschutz, Lëtzebuerger Zentralbank, Paulette Lenert, Pierre Gramegna, Politik, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel