Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!
ok.ru dating

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

is internet dating harmful speech
speed dating washington dc african american
ok.ru dating

hello dating sites free

Porsche SE, den Haaptaktionär vu VW, ass e Mëttwoch vun

CSV: Keng Festung Europa
ok.ru dating

CSV: Keng Festung Europa

Um 7. an 8. November war zu Helsinki de Kongress

Editorial: Boss ech brauch méi Goss

Editorial: Boss ech brauch méi Goss

Datt een iwwert Geld net schwätzt, ass, wann een es da genuch huet bestëmmt ubruecht. Fir all déi, deenen de Mount ze laang ass, well de Portmonnie längst zu Tréinen ufänkt wann e just un en Denkt, ass Geld awer e Gespréich wäert.

Et jo elo net, wéi wann et dem Bierger entgaange wier, datt et de Konjunktur gutt bis blendend ergeet. Kucke mer emol just op d’Banken an op de Bausecteur. Déi éischt hunn mat engem netto Gewënn vun 4,8 Milliarden hiert beschte Resultat säit Joren erreecht. De Bausecteur wiisst am éischte Quartal ëm 3,9 Prozent.

Och dem Bruttoinlandprodukt (BIP) geet et wäit iwwer „Zefriddestellend“. De Wuesstem vum BIP war 2016 mat iwwer 4% virun allem d’Leeschtung vum Salariat. E Salariat allerdéngs wat sech am Schnëtt mat 0,2% méi Goss um Paiziedel muss zefridde ginn.

An et ass jo dann awer och net esou, wéi wann dat Geld, wat aus dem Wuesstem ageholl gëtt, sech géif a Loft opléisen. Et ass nach net emol de Staat, deen dank Vergënschtegungen de groussen Entreprisen éischter eppes schenkt wéi offuerdert.

Nee de Goss dee vun den Aarbechter an Employéeën erschafft gëtt, fëllt eenzeg an eleng de Patronen an/oder den Aktionären hire Portmonnie. Elo kéint ee mengen dat wier och richteg, well déi ëmmerhin de Risk droen. De Risk vum Salariat, besonnesch dat mam klenge Loun, säi Job ze verléieren zielt da net, oder?

Egal, Fakt ass, datt zu Lëtzebuerg den Deel vum Loun un der Wirtschaftsleeschtung ofhëlt. Dat ass net nëmmen ongerecht mee féiert iwwer kuerz oder laang zum Dissens. Datt déi mat de „breede Schëlleren“ net gewëllt sinn ze deelen ass bekannt. Et sinn awer och déi wou drop ugewise sinn, datt hiert Salariat konsuméiert.

Kee Konsum, keng Konjunktur. Iwwert d’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet (gëtt et net, ass et ni ginn, wäert et och net ginn) eraus, stinn déi mam Recht op Entscheedung virun enger Rechenaufgab. Déi kréien se dann och nëmme geléist wann hinnen e Liicht opgeet. Dat vun der ekonomescher Vernonft.

Nëmme wann d’Paien an d’Luucht gi kann de Konsum och weider d’Konjunktur um lafen halen. Wien all Cent dräi mol an der Täsch muss ëmdréine ka schlicht an ergräifend näischt fir de Wuesstem maachen. Do kanns de dech op de Kapp stellen a mat den Zéiwe wackelen…

Ähnlech Sujeten Bruttoinlandprodukt, Geld, Konjunktur, Konsum, Salariat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel