Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?
Meenung Neiegkeeten

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?

Fuerscher aus Japan wëllen elo ee liewegt Mëschwiesen op d’Welt

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!
Meenung Neiegkeeten

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!

Wéi den Trainer John Bierchen matgedeelt huet, kënnt och am

PIPAPO – Sex, Drugs & Rock’n’Roll…awer sécher!
Meenung Neiegkeeten

PIPAPO – Sex, Drugs & Rock’n’Roll…awer sécher!

De jonke Projet PIPAPO sollt Iech an Zukunft onbedéngt ee

Editorial: Boykott ass keng Léisung awer en Drockmëttel

Editorial: Boykott ass keng Léisung awer en Drockmëttel

No der POST Lëtzebuerg ass et den Ament un der BCEE: si maachen sech selwer schlecht well se zwar Leit hunn déi eppes vu „Marketing“ verstinn (woubäi dat mussen se ausgelagert hunn) dofir awer wéineg vu Kommunikatioun verstinn. D‘Leit vun der Spuerkeess hu sech an der Chamber den Deputéierte gestallt, hunn dobäi allerdéngs komplett iwwersinn, datt anerer Gespréichsbedarf hunn.

Elo hu sech déi vun de Filialschléissunge betraffe Buergermeeschter schonn emol zesummegedoen a vläicht kréien se et beim Syvicol och nach Ronn eng Drénglechkeetssëtzung an der Kausa BCEE op d‘Been ze stellen. D‘Gemengen, déi mat der BCEE schaffen hu jo ganz däitlech ze verstoe kritt, datt si eng Bank wéi all déi aner ass. Un enger Bezéiung mat de Gemengen ass hinnen net geleeën.

Dobäi sinn dach grad d‘Gemenge fir d‘BCEE an d‘POST gläichermoosse „sécher“ Clienten, an do géif ee gären unhuelen, datt esou Bezéiunge gefleegt ginn. Schliisslech maachen d‘Gemengen haut zimlech déi ganz Aarbecht déi fréier, also virum „online Banking“, nach vun de Banke gemaach gouf. Mee dat ass jo online, d‘Leit gesinn sech net méi an esou schwätzt een och net méi mateneen.

Vläicht ass et un der Zäit, datt d‘Gemengen d‘BCEE einfach boykottéieren. Online Banking kënnen déi aner och, an et dierft zimlech sécher sinn, datt wann sech de Syvicol mat engem vun dësen „externe“ Betriber géif zesummesetzen a gutt Konditioune fir den Ensembel vun de Gemenge géif erausschloen, de Comité Directeur vun der BCEE séier nees Gespréichsbereetschaft entwéckelt.

D‘Gemengen hu mat der Raiffeisen eng ganz valabel Alternativ, kéinten do esouguer Member ginn an déi hunn erwisenermoossen och entspriechend Erfarung iwwert d‘Besoinen an ländleche Raum. D‘Filiale mussen net an all Duerf all Dag op hunn, d‘Raimlechkeete kéinten – dat ass u sech just Verhandlungsaach – vun der Gemeng zur Verfügung gestallt ginn, an esou géif de Service erhalen.

Eppes wat och fir déi onséileg – wëll privatiséiert – POST Lëtzebuerg zoutrëfft. Staatsbetriber déi zwar nach ëmmer dem Steierzueler gehéieren, mee wou d‘Regierung d‘Verantwortung ofginn huet, an esou a gewësser Hisiicht déi fir d‘Gestioun zoustänneg Persounen als Stoussnéckel vun der Natioun hiergëtt. D‘Regierung ass net verantwortlech an hätt sech net an d‘Gestioun anzemëschen.

Datt een elo kengem rode Kann seng Konten, sief et bei der POST oder der BCEE ze kënnegen, ass kloer, woubäi een ëmmer méi däitlech eraushéiert, datt se net un de Salaireskonten interesséiert sinn wann de Kontoinhaber net d‘Office alles selwer iwwert den online Banking erleedegt. Ee Boykott ass awer faktesch fir den einfache Bierger mat enger normaler Pai och weiderhi keng Optioun.

Wiere ka sech de Bierger trotzdeem: Béid dem Staat (also dem Bierger) gehéierend Entreprisen organiséieren oder sponseren (dofir ass ëmmer Geld do) vill Evenementer, esou beispillsweis de POST-Laf de 15 Mäerz. Gelaf gëtt vill an oft hei am Land an et muss een net mat der POST lafen, wann ee mengt datt et einfach eng Frechheet ass, iwwerall d‘Agencen zou ze maachen.

De Boykott vun allen vun der BCEE a POST organiséierten oder ënnerstëtzten Evenementer, wier en däitlecht Signal – nee net un d‘Direktioune vun dësen Entreprisen – un d‘Politik, endlech nees Verantwortung ze iwwerhuelen, statt dës ofzeginn an esou d‘Hänn an Onschold ze wäschen. An et kéint ee jo och virun der Chamber Demonstréieren an d‘Verantwortung afuerderen…

Illustratioun: © Amol Tyagi / unsplash

Ähnlech Sujeten Bank- a Postfilialen, BCEE, Boykott, Post, zoue Filialen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel