Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Néie Steierbüro op der Cloche d’Or
International Meenung Neiegkeeten

Néie Steierbüro op der Cloche d’Or

Am Bäisinn vum Finanzminister Pierre Gramegna an dem Direkter Pascale

dislike
E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser
International Meenung Neiegkeeten

E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser

Politiker deelen all Dag Artikelen op de sozialen Netzwierker. Mol

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
International Meenung Neiegkeeten

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

Editorial: Brexit „the english lesson“

Editorial: Brexit „the english lesson“

Eigentlech sollten d‘Briten Enn Mäerz goen, dunn den 12. Abrëll an elo hu mir se nach bis den 31. Oktober gelueden, déi bockeleg Famill mat engem Hang zu ongenéissbarer Gastronomie… Et ass verständlech, datt sech kaum nach e Mënsch fanne léisst, deen dat ganzt Gedeessems nach eescht hëlt, an dat wäert sech um Enn an den EU-Wahlen néierschloen. Et gëtt es elo ze vill dees Gudden.

Dat eenzegt wourop sech d‘EU-Staats- a Regierungscheffe bis ewell eenege konnten, an a gewësser Weis „Zesummenhalt“ bewisen hunn: de Briten esou laang ze fléiwen, bis si de Scheedungsaccord dee vum Theresa May ugeholl ginn ass, akzeptéieren. Wann si elo un dëser Positioun festhalen, gëtt et hinnen iergendwann als „Schwächt“ ausgeluecht, an op dat ka wäitreechend Konsequenzen hunn.

Woubäi ee verstoe muss, datt d‘EU-Komissioun an déi 27 EU-Membere gutt Grënn hunn et net op en haarde Brexit ukommen ze loossen. Kënnt et zu enger Scheedung ouni Accord, kënnt et zur physescher EU-Baussegrenz op der irescher Insel. Déi Grenz awer kéint vun den Ire „verweigert“ ginn, well si de Fridden tëscht den iresche Communautéiten op d‘Spill setzt. Dat ass inakzeptabel.

Grad esou inakzeptabel eng „oppe“ Grenz: ëmmerhi gëtt et verflichtend Verträg, an heiranner ass festgeluecht, datt den europäesche Bannemaart a seng ronn 500 Millioune Konsumente virum Import vu gesondheetsgefährdenten Importer aus Drëttlänner muss geschützt sinn. Zudeem misst ee bedenken, datt ouni eng Baussegrenz net méi vun engem Bannemaart ka geschwat ginn.

Zudeem – an ugesiichts deem wat d‘Brite bis ewell an hirem Parlament zum beschte ginn hunn – ass den 31. Oktober nëmmen e weideren Termäin. Gett och dësen net agehalen, an et gëtt den Ament keng Aussiichte firwat London un dësem festhale sollt, muss ee sech bewosst sinn, datt Groussbritannien mat engem EU-Kommissär an EU-Deputéierten zu Bréissel vertruede bleift.

Et muss een an dësem Kontext och drop hiweisen, datt d‘Briten e Vetorecht behalen. Dat huet elo bis Enn vum Joer net wierklech en Impakt, well gewosst ass, datt bis Enn Dezember souwisou nëmmen Entscheedunge geholl ginn, déi enger Majoritéit bedierfen. Eng Äntwert op de Problem ass dat awer net, an ei eenzeg déi dorausser politesche Profit schloe wäerten, sinn d‘Populisten.

Mam Kompromëss, den Austrëtt bis zum 31. Oktober erauszezéien, ginn d‘Euroskeptiker gestäerkt. Dat ass net gewollt, an dat ganzt hin a hir ass och dem Regelwierk geschëlt, dat sengerzäit bei der Grënnung opgestallt ginn ass. Wéi eng Konditiounen ze erfëlle sinn fir bäizetrieden, dat gouf ganz akribesch festgehalen (och wa sech net jiddereen dru gehalen huet), en Austrëtt war net virgesinn.

Also d‘Briten aus der Unioun „erausgeheien“ ass rechtlech net méiglech. Et kann een se allerdéngs och net zwéngen derbäi ze bleiwen. E Brexit ouni Accord ka fir keng vun de concernéierte Parteien eng seriéis Optioun sinn. Eleng déi wirtschaftlech Konsequenze sinn net ofzegesinn, och wann si zu London schonn e Virgeschmaach hunn. Et vergeet keen Dag wou net eng Entreprise „plënnert“…

Bild: Rohan Reddy/Pixabay

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, EU-Sommet, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel