Search

You may also like

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff
Meenung

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff

QuattroPole ass vun der EU beim zweeten Projet-Appell „B-Solutions“ selektionéiert

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung
Meenung

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung

1989 war et am kommunistesche China zu engen „Virfall“ komm

Emol Kaffi-Croissant wann ech gelift
Meenung

Emol Kaffi-Croissant wann ech gelift

Et war den éischte Rendez-vous zu fréier Stonn mam Stater

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur
Verschidde Politiker äusseren sech nawell gären zum Thema ‘Leitkultur’. An dobäi gehéieren esou Iwwerleeungen net wierklech zu hirem Kompetenzberäich. “Wir sind nicht Burka.” Mat dësem kuerzen (a gewollt provokativen) Saz hunn deslescht eng ganz Rei Medien hir Artikelen iwwert dem Bundesinnenminister Thomas de Maizière seng zéng Thesen zum Thema „Leitkultur” betitelt. An engem 10-Punkte-Plang, deen an der „Bild am Sonntag“ verëffentlecht gouf, erkläert den CDU-Politiker grosso modo, wourunner een déi däitsch Gesellschaft erkennt. Oder, fir et méi sarkastesch auszedrécken, wourunner een erkennt, datt do, wou däitsch drop steet, och wierklech däitsch dran ass.
Selbstverständlech kann een iwwer d’Kritären diskutéieren, fir zum Beispill eng bestëmmten Nationalitéit unzefroen – eng Diskussioun, vun där d’Lëtzebuerger es anscheinend ni kënne genuch kréien. Mä dorëms geet et dem de Maizière net. Seng Theese kléngen definitiv net wéi en Ustouss fir eng Gesetzesreform, mä wierklech just wéi pseudo-sozialwëssenschaftlecht Geschwätz.
Ee Beispill? Hei den éischte Punkt am Resumé: „Wir sagen unseren Namen. Wir geben uns zur Begrüßung die Hand. […] Wir zeigen unser Gesicht. Wir sind nicht Burka.” Déi aner néng Punkte sinn am selwechte Stil. Ganz vill „wir“; ganz vill kuerz Sätz a virun allem ganz vill „Ech zielen der mol, wéi s du dech ze behuelen hues.”
An zu Lëtzebuerg? Virun e bësse méi wéi zwee Joer huet sech zum Beispill d’Europadeputéiert Viviane Reding, déi där selwechter politescher Famill wéi de Bundesinnenminister ugehéiert, mat dëse Wierder zum Thema Burka geäussert: „In dieser Gesellschaft hat die vollverschleiernde Burka keinen Platz. Bei uns zeigen Frauen (und Männer!) ihr Gesicht. Bei uns grüßt man mit Händedruck, hält Blickkontakt beim Gespräch.”
Kënnt deen Ëmgangstoun iech bekannt vir? Kee Wonner. Esou schwätzen erwuesse Leit mat Kanner. Mir spillen net mam Iessen. Mir schloen d’Kënni net an d’Gesiicht. Mir klammen net op den Dësch. Politiker adresséieren sech mat hire Gesellschaftsvirstellungen allerdéngs net u Kanner, mä an der Reegel un erwuesse Leit. A genee do läit d’Kromm an der Heck.

Punkt 1

Hunn erwuesse Leit et wierklech néideg gesot ze kréien, wéi se sech an der Gesellschaft ze behuelen hunn? Et geet hei mol net drëms, ob ee fir oder géint d’Burka ass. Et geet och net drëms, ob d’Droe vun enger Burka kompatibel ass mat der däitscher oder lëtzebuergescher Gesellschaft. Et geet drëms, datt Bieger vun uewen erof bestëmmte Verhalensweisen diktéiert kréien. Firwat sollt sech e Politiker, deen sech eigentlech mat Gesetzer sollt befaassen, iwwerhaapt domadder beschäftegen, wéi ech friem Leit, meng Bekannten, meng Frënn a meng Famill begréissen? Dat misst, wéi vill aner Aspekter vum alldeegleche Liewen och, dem Eenzelen iwwerlooss bleiwen.
An iwwerhaapt: wann ech enger Persoun vill léiwer eng Bees ginn ewéi d’Hand oder hir frëndschaftlech op d’Schëller klappen oder einfach kuerz wénken, gehéieren ech dann net méi dozou? Sinn ech dann net méi Deel vun der däitscher respektiv lëtzebuergescher Gesellschaft? Sinn ech (Oh Schreck!) en integratiounsonfäegen Auslänner?

Punkt 2

D’Konzept selwer vu „Leitkultur” kann a soll een hannerfroen. Et ass immens schwiereg eng Sammlung u Reegelen, Wäerter a Symboler ze fannen, déi dës zwee Basiskritären erfëllen: a. Déijéineg, déi zum Grupp dozougehéieren, kënne sech praktesch all domadder identifizéieren. b. Et handelt sech ëm Elementer, déi engem erlaben, de Grupp kloer an däitlech vun engem aneren ze ënnerscheeden.
E puer Beispiller, op Lëtzebuerg bezunn: Net all Lëtzebuerger ass der Meenung, datt d’Monarchie déi bescht Staatsform fir dëst Land ass. (Leschte Rumeuren no soll souguer an der Chamber eng demokratesch gewielte Partei sëtzen, déi sech – ouni Succès – dofir agesat huet, datt praktesch all Referenz op d’Monarchie aus der Verfassung verschwënnt). Net all Lëtzebuerger ass der Meenung, datt d’Lëtzebuergescht och wierklech esou liewenswichteg ass. (Leschte Rumeuren no hunn 20% souguer dofir gestëmmt, datt e Bierger soll kënne fir d’Chamberwale wiele goen, ouni virdrun e Sproochentest gepackt ze hunn.) Net all Lëtzebuerger ass géint d’Doudesstrof. (Leschte Rumeuren no steet ënnert all Artikel iwwert d’Thema Pädophilie e Commentaire, an deem d’Aféiere vun der Doudesstrof verlaangt gëtt. An och wann dat net esou wier: D’Net-Existéiere vun der Doudesstrof ass definitiv net eppes, wat et exklusiv zu Lëtzebuerg gëtt.)

Punkt 3

Politiker hunn, wéi all Bierger och, e Recht drop hir Meenung zu all méiglechem Thema z’äusseren. Dat gëtt hei net a Fro gestallt. Am Géigesaz zum Recht vun der Gesellschaft iwwerhuelen se allerdéngs eng normativ Roll. Si beweegen sech permanent um Niveau vum „mussen”. Dës dominant Positioun sollt net mëssbraucht ginn, fir dubiéis Kategorien opzestellen: d’Verhalensweis X ass typesch lëtzebuergesch, mä d’Verhalensweis Y net. Wann de Pitt esou eng Ausso mécht, ass et eng perséinlech Meenung. Wann e Politiker genee datselwecht seet, gëtt et dacks wouergeholl als Norm oder op d’mannst als Virstellung, déi ee sollt a Form vun enger Norm, dat heescht als Gesetz, festhalen. An da wiere mer nees beim Punkt 1.
Soll et dann elo verbuede ginn, driwwer ze diskutéieren, ob de Kachkéis, de Superjhemp an d’Schueberfouer zu der Lëtzebuerger „Leitkultur” gehéieren? Sécherlech net. Mä gewielte Politiker sinn aus deenen uewe genanntene Grënn net am qualifizéiertsten, fir esou Debatten ze féieren. Bäitreeg vu Kënschtler a Wëssenschaftler, fir just dës Beispiller ze nennen, sinn dacks vill méi pertinent. Si beschreiwen, ouni ze fuerderen. Si maache mat an droe bäi, ouni d’Gefill ze hannerloossen, am eegenen Interessi ze handelen.
Liliana Miranda
Related topics Däitschland, Leitkultur, Lëtzebuerg
Next post Previous post