Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Du hues e fotografescht Gediechtnes? Beweis et an eisem Gemengequiz!
Meenung Neiegkeeten

Du hues e fotografescht Gediechtnes? Beweis et an eisem Gemengequiz!

Gäre gëtt gesot, eist Land wier esou schéin. Dat ass

love
Wéi gutt kenns du de Kanton Dikrech?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du de Kanton Dikrech?

De Kanton Dikrech huet ganzer 12 Gemengen an ass och

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
Meenung Neiegkeeten

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee sech entscheet hu, wien dann déi nächst fënnef Joer fir eist Ländche bestëmme soll. Fir een net u Politik interesséierte Mënsch wéi mech stellen sech do zimlech Problemer a Froen.

All Mënsch huet aner Interessen, wat och gutt esou ass. Meng Schwéierpunkte leie bei den Déieren an der Ëmwelt, wouduerch ech hei vläicht als „Öko“ ofgestempelt ginn. Mee ech perséinlech kenne mech am Beräich Politik, op et elo national oder weltwäit ass, quasi guer net aus a fille mech fir meng éischt Chamberwahlen iwwerfuerdert.

Ech hunn mir déi verschidde Wahlprogrammer duerchgelies mee just bedéngt fonnt, wat ech gesicht hunn. Natierlech ginn et puer Parteien, déi sech fir den Déieren- an Ëmweltschutz asetze, mee och dat nëmmen ënnert verschiddene Konditiounen. Am neien Déiereschutzgesetz steet zwar vill dran a Lëtzebuerg gëtt och gutt ugesinn, mee a mengen Ae feelt ee wichtege Punkt an zwar zum Thema Déiereversich.

Déi Parteien, déi am Programm den Déiereschutz virgesi schneiden de Punkt vun den Déiereversich un, mee verbidden se trotzdeem net ganz. Wann elo ee Labo säin Experiment als essentiell fir d’Mënschheet eriwwer brénge kann, obwuel et vläicht guer net esou ass, bleift jo trotzdeem alles beim Alen. Den Déiereschutz sollt generell mol méi seriö geholl ginn an net ee Punkt vu ville sinn, den am Endeffekt net ëmgesat gëtt.

Generell hunn ech d’Gefill, datt d’Politik och dorop baut, datt Leit déi sech net fir Politik interesséieren, onwëssend dee wielen, wou se am meeschte Reklamm gesinn hunn, déi schéinste Rieden héieren hunn an déi bescht Wahlkaddoen ausgedeelt kruten.

Bei dem ganze Pabeier, den een an d’Bréifkëscht gedréckt kritt, fléie bei mir d’Wahlprogrammer souwisou direkt an déi blo Poubelle. Et ass einfach ze vill Informatioun beieneen, vun der een schonn um Wee op d’Schaff laanscht d’Strooss iwwerall begleet gëtt (mol ganz ofgesinn dovun, datt schrecklech vill Pabeier an Dreck duerch déi Reklammen ersteet – jo do ass den „Öko“ a mir erëm wakresch ginn.).

Et ka jo net sinn, datt all fënnef Joer gewielt gëtt an ee gudden Deel vun der Populatioun sech denkt „Oh den do hunn ech relativ oft um Internet oder an der Zeitung gesinn, den muss bestëmmt gutt sinn“. Genau esou Denkweisen notzen d’Politiker aus a mir leiden herno ënnert de Folgen.

Bei de leschte Chamberwahle wollt eng Partei schonn de 16 Järegen erlabe, wielen ze goen, wat erëm mäin Punkt ënnerstëtzt, déi wielen ze loossen déi sech net genuch mam Thema auskennen. A menger Lycéeszäit hat ech genau een Joer Civiquescours, an dat op Deuxième. Eréischt do hunn ech mol geléiert wéi iwwerhaapt gewielt gëtt a fir wat déi verschidde Parteie stinn. Déi wichtegst Punkte sinn schonn hänke bliwwen, mee de Groussdeel ass am Laf vun de Joren erëm verluer gaangen. Aus dem Grond wier et och emol gutt, méi fréi mat dësem wichtege Cours unzefänken.

Eng aner Saach, déi mech opreegt sinn Diskussiounen iwwert de Logement. Jiddweree wëll bezuelbare Wunnraum. Déi wuel eenzeg, vun de Politiker ugebuede, Méiglechkeet ass et Terrainen ze kafen a méi ze bauen. Majo ech well an 30 Joer net an engem vollgebaute Lëtzebuerg wunnen an trotzdeem mäin Appartement net bezuele kennen. Ech well et och gär genéissen an de Bësch trëppelen ze goen an d’Natur ze genéissen, déi awer an dësem Fall vläicht net méi virhande wäert sinn.

Een Tool den mir a leschter Zäit bësse gehollef huet ass de Site smartwielen.lu. Hei ass zwar een anert Resultat erauskomm, wéi ech erwaart hunn, mee trotzdeem loossen ech mech gär beléieren an hu mir d’Resultater genau duerchgelies.

Trotz dem Informatiounsiwwerfloss vun de leschte Woche weess ech nach ëmmer net, wien ech wiele soll, wat dat Richtegt fir eis Zukunft ass an op net vill geschwat gëtt, amplaz ze handelen. Fir d’Chamberwahle misst ech nieft menger Aarbecht nach bal ee Studium ufänke fir alles ze verstoen. Mol ofgesinn dovun, kennen ech och kee vun de Kandidate vu mengem Bezierk. Ma soll ech elo do blann drop lass ukräizen no der Foto, wien mir am sympatheschsten ausgesäit?

Wei dat mat de Wahle genau fonctionnéiert kann een HEI noliesen.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen, Chamberwahlen 2018, Iwwerfuerderung, Lëtzebuerg, Regierung, Wien wielen?
Nächsten Artikel Virrechten Artikel