Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
Meenung

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett
Meenung

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Hiergestallt vun der Steeseler Stuff-Brauerei, wat eng vun de klengsten

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt
Meenung

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt

Zanter 2002 aktiv an der Fërderung an der Verbreedung vun

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Lëtzebuerg deet sech mat der Digitaliséierung schwéier. Sou vill ass sécher, wann een sech d’Diskussioune ronderëm d’Rifkin Studie ukuckt. Déi drëtt industriell Revolutioun setzt op dëse Phänomen, un deem et kee Wee méi laanscht gëtt. Mee mir scheiteren drun, eng uerdentlech Äntwert op d’gesellschaftlech Problemer ze fannen, déi sech dobäi stellen.

Ëmmer erëm héiert een vun den 10-15% Aarbechtsplazen, déi duerch Digitaliséierung an Automatiséierung verluere solle ginn. Dëst géing virun allem am Niddreglounsektor geschéien. Trotzdem héiert een der do behaapten, datt een déi Aarbechtsplazen am digitalen Sektor erëm opbaue kéint.

Dat kann een allerdéngs bezweifelen. Kee ka mir zielen, datt all Fabrikaarbechter sech duerch eng Ëmschoulung am IT-Sektor erëm asetze léisst. Dofir ass d’Bildunggefälle dann awer ze grouss. An déi 10-15% si jo nëmmen den Ufank, eng Automatiséierung dreift eng weider Automatiséierung ëmmer nach weider virun.

Wat maache mer also mat dësen Aarbechtslosen? Dat ass eng Fro, op déi nach keng Äntwert fonnt ginn ass. Mee et gi Proposen: D‘Grondakommes gëtt do vun de verschiddenste Proponenten aus dem Hutt gezaubert. An dat ëmmer méi oft. Och wann déi aktuell Politik sech nach hannert Argumenter verstoppt wéi „wéi soll een dat bezuelen?“ (wouropper et och verschidden Äntwerte ginn), muss se dës Fro fréier oder spéider eescht huelen.

En aneren Aspekt, dee gäre kritiséiert gëtt, ass den Dateschutz. Hei léisst Rifkin-Studie nawell zimlech ze wënschen iwwreg, gëtt dat zimlech lapidar ofgehandelt. Do schéngt et duer ze goen, ze soen, datt dat gehandhaabt muss ginn. Konkretes? Inexistent!

Dobäi sinn dëst dann dach déif gräifend Froen, déi vun enger immenser gesellschaftlecher Bedeitung sinn. Schonn elo gesi mer, wéi staark den Alldag duerch d‘Digitaliséierung beaflosst gëtt. A während et do eng Goldgriewerzäit gëtt, ginn et eben och Verléierer. Dat ass net nei, dat gouf et och scho bei de viregten Industrielle Revolutiounen. An dach huet ee bal d‘Gefill, et géing een dat déi éischte Kéier gesinn, esou wéineg Léisunge si prett.

Dat läit villäicht an der Natur vun enger richteger Revolutioun. Datt se eben net viraus ze gesinn ass. Scho bei den Zuelen vun den Aarbechtsplazen, déi verluere ginn, ginn d‘Viraussoen enorm auserneen. Wat awer sécher ass: Et wäert net ouni Ëmwälzunge goen.

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Lëtzgebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel