Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
International Meenung WTF

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer

De Summer näipt sech sengem Enn zou, a vill Vakanz

Educatiounsminister: „Et muss méi matenaner geschwat ginn!“
International Meenung WTF

Educatiounsminister: „Et muss méi matenaner geschwat ginn!“

Geet et dem Educatiounsminister, Claude Meisch (DP) no, da muss

Den US-Milliardär an de Coronavirus
International Meenung WTF

Den US-Milliardär an de Coronavirus

Geet et dem US-President no, dann erleedegt d‘Fréijoer dës neiaarteg

surprise

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn, an et freet sech wat bei deem an der Jugend alles schif gelaf ass. Mat der Unerkennung vun de Golanhéichten als souveräänt Gebitt vun Israel, huet de 45. US-President e Prezedenzfall geschafen, deen d‘Weltpolitik ad absurdum féiert. Et gëtt wuel eng Rei Wuertmeldungen a vill Veruerteelungen, mee vill méi ass diplomatesch net dran.

Dem Milliardär säi russesche Frënd, muss d‘Ënnerschrëft ënnert den Dekret, mat dem annektéierte Buedem enger Besatzungsmuecht als „Besëtz“ zougestane gëtt, vill Freed bereet hunn. Gutt de Vladimir Putin dierf déi net weisen, well vun dëser Moossnam säi Schützling Baschar al-Assad betraff ass. Mee den Trump huet indirekt, mat dësem Akt, d‘Annexioun vun der Krim unerkannt.

Firwat den Donald Trump esou onverständlech, wéi onverantwortlech Entscheedungen trëfft, huet mat sengem „Naturell“ ze dinn. Ëmmer dat onerwaart maachen, an esou déi aner an Zochzwang bréngen. Datt de Geste vun de Vereenten Natioune muss veruerteelt ginn, dat weess hien. D‘USA hu Vetorecht am UN-Sécherheetsrot, an dat ass wéi en ausgestreckte Mëttelfanger un d‘Kregéiler.

Elo géif et eis awer aus nationaler Siicht interesséieren – well sech jo och Lëtzebuerg op déi gutt Bezéiunge mat Israel an den USA berifft – wat eisen Ausseminister vun dësem „Geste“ hält. Wann de Jean Asselborn den USA de Réck stäipt, an eng „Marionett“ déi sech zum President proklaméiert huet héich offiziell unerkennt, sollt hie jo och bereet sinn d‘Annexioun vum Golan unzëerkennen.

An eigentlech misst sech déi ganz Regierung, hannert den trumpschen Dekret stellen, woubäi kee sech trauen dierft dat och ëmzesetzen. Et stinn EU-Wahlen an d‘Haus, déi se Sozialisten immens wichteg sinn, an esou dierft een dann elo och aus dem Mond vun eisem Ausseminister leedeglech „e Bedaueren“ ze héiere kënnen. Am léifsten dierft et hinne sinn, et schwätzt ee guer net dovunner.

Dat wäerte mir hinnen dann esou einfach net maachen. Wien en Hochstapler als Interimspresident unerkennt, sech bewosst an intern Ugeleeënheete vun engem Land amëscht, an och soss dem US-President gären un der „Rondelle“ këddelt, misst konsequenterweis d‘Annexioun vu syreschem Staatsgebitt duerch Israel unerkennen. Da muss een awer och Russland d‘Krim zougestoen…

Foto: “Krim. Russland. Fir Ëmmer.” esou de Wuertlaut um Plakat. Kéint duerchaus sinn, datt d’USA dat méiglech gemaach hunn. (Archivfoto)

Ähnlech Sujeten Aussepolitik, Golan, Jean Asselborn, Krim, Loyalitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel