Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August
Meenung Neiegkeeten

how to describe myself on a dating website

Et ginn op mannst zum Deel gutt Noriichten um Aarbechtsmaart:

https://moien.lu/hook-up-bars-san-diego/
D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt
Meenung Neiegkeeten

D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt

Well mëttlerweil ëmmer méi oft d’Ried vun engem Handelskrich mat

Europawahlen: EU-Kommissär bestätegt Manipulatiounsversich
Meenung Neiegkeeten

Europawahlen: EU-Kommissär bestätegt Manipulatiounsversich

Den EU-Sécherheetskommissär huet e Samschdeg bestätegt, datt et bei den

Editorial: De Sujet verpasst? Net sécher…

Editorial: De Sujet verpasst? Net sécher…

Wéi de Premierminister gëschter seng Ried geschmass huet, war Gedold gefuerdert. Vill a laang ass iwwert d‘Lag vum Planéit geschwat ginn, vill ze spéit iwwert d‘Lag vun der Natioun. Absicht oder kann hien et net besser? Op der Oppositiounsbänk jiddefalls war ee wéineg, vun deem wat de Xavier Bettel esou ze erzielen hat, begeeschtert. Dofir gouf vill iwwer Goss a Wirtschaft geschwat.

Eigentlech mécht dat och Sënn. D‘Konjunktur stécht an dréchenen Dicher, d‘Investisseure kommen zu Lëtzebuerg beschtens ewech an de Chômagetaux läit esou déif, datt ee scho bal gewëllt wier vu Vollbeschäftegung ze schwätzen. Et war deemno net wierklech eng Ried zur Lag vun der Natioun. An esou huet sech dem Premier seng Ried och net un d‘Vollek, mee un déi mam Geld geriicht…

Dat gëtt der Realitéit am Land net gerecht an d‘Bierger verlaange wäit aus méi wéi philosophesch Phrasen an d‘Informatioun doriwwer, datt et enger Rei auserwielter un näischt feelt. De Bierger brauch Wunnraum, verlaangt Klimagerechtegkeet an erwaart vum Regierungschef de Garant vun der sozialer Kohäsioun ze sinn. Dat Bild huet eise Premier sech gëschter net geleescht, schued!

Him dat elo virzewerfen, dat ass d‘Roll vun der Oppositioun an de fräie Medien, woubäi, wann ee sech den Ëmfang vun den „eigentlech prioritären Themen“, also Logement, Soziales a Klima méi genee ukuckt an ee sech da virstellt, datt de Xavier Bettel dann och am Fong behandelt hätt, da wier et mat 33 Säiten net duer gaangen a wahrscheinlech géif hien elo nach op der Tribün stoen.

Interessant ass awer och d‘Feststellung, vu datt d‘Fraktiounscheffe vun der Koalitioun eigentlech unisono dem Xavier Bettel seng Ried als „konkret“, „ziilféierend“ an „éierlech“ ëmschriwwen hunn, dës Regierung, déi jo am Volleksmond gäre mat „Gambia“ verkläert gëtt, vill Zesummenhalt beweist, wat ugesiichts den Attacke säitens der CSV, dem Casier-Bis an soss Affäre wichteg ass.

Natierlech muss een net mat allem wat d‘Regierung decidéiert averstane sinn, sécher geet ëmmer alles vill ze lues a wahrscheinlech sinn et wierklech ëmmer „déi selwecht“, deenen déi gebroden Dauwen an de Mond falen. Op där aner Säit geet et elo och emol virun. Wann si allerdéngs och um soziale Fridden am Land interesséiert ass, muss d‘Regierung de Logement an de Grëff kréien

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Klimawandel, Krautmaart, Logement, Ried zur Lag vun der Natioun, Steierreform, Wuesstem, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel