Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer
Kultur Meenung life after weight loss dating enniskillen dating sites

java dating games

Bei senger Sëtzung vum 13. Juli, huet de Staatsrot datt

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump
Kultur Meenung life after weight loss dating enniskillen dating sites

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMADen Andy Serkis hëlt dat Bescht aus

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?
Kultur Meenung life after weight loss dating enniskillen dating sites

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Alles kann ee mat engem US-President dann awer net maachen.

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu

Säit geraumer Zäit huele verschidden Aktiounsdeeg ëmmer méi u Bedeitung zou. Sou hu mëttlerweil ënnert anerem Halloween oder de Black Friday hire Wee iwwert den Atlantik fonnt, déi – wéi een et sech jo denke kann – an éischter Linn eise Konsum fërderen an den Ëmsaz steigere sollen. Och beim Vältesdag, de groussen Dag vun der Léift, mëscht hei keng Ausnam an entwéckelt sech zu engem ëmmer méi kommerziellen Aktiounsdag. Mee huet et iwwerhapt ee Sënn un dësem festgeluechten Dag seng Léift ze feieren oder huet een net och un 364 weideren Deeg d’Erlaabnis heizou?

Als éischt emol sollt een awer zu de Wuerzele vun dësem rosa-rouden, mat Hormoner a Botenstoffer gefëllten Dag zeréck goen. Generell ginn et verschidden Theesen zum Ursprong vu Vältesdag. Bis ewell huet sech d’Geschicht mam italienesche Bëschof Valentin duerchgesat, den am 3. Joerhonnert no Christus begeeschterte Gäertner gewiescht soll sinn a jonke, verléifte Koppelen eng Blumm aus sengem Gaart geschenkt soll hunn. Donieft huet den Dénger vu Gott och Mann a Fra chrëschtlech bestuet.

Säi Verhalen hat deemools wuel dem Kaiser Claudius net esou ganz gefall, wouduerch hien – esou vermutt een et emol – um 14. Februar 269 gekäppt ginn ass. Am ale Roum war dësen Dag awer virun allem gepräägt vun der Feier zu Éieren vum Juno, Gëttin vum Bestietnis an der Gebuert. Scho virum Dout vum Bëschof solle Fraen un dësem Feierdag Blummen als Cadeau kritt hunn.

Romantik a Léift um gëttlechen Niveau

Natierlech ass d’Gefill verléift ze sinn an déi gewënschten Zouneigung zeréck ze kréie wéi een rosa-roude Cocktail aus Liewensfreed, Gléck an klengen Häerzer. An awer gëtt d’Romantik mëttlerweil ëmmer méi iwwerbewäert, wourun d’Filmindustrie net esou ganz onschëlleg ass. Mat emotionalen Zeenen, an deenen de Mann seng grouss Léift mam Helikopter siche kënnt oder ee Freedefeier, plus Flashmob organiséiert, fir ëm hir Hand unzehale vermëttelen einfach een onrealistescht Bild.

Bezitt ee sech elo op den Otto Normal-Bierger, sou kënne mir all bestätegen, datt eleng déi finanziell Mëttel net duerginn, fir esou eng Aktioun ze starten. Och den Opwand ass riseg a wien weess, op de Partner dat iwwerhaapt ze schätze weess? Vläicht gefält an der Situatioun d’Uertschaft, d’Wierder och d’Faarf vum Helikopter der Madamm net.

vältesdag

Just schéi Leit dierfe Léift kréien?

Geet een dem Idealbild vun der Gesellschaft no, stellt ee sech natierlech zwou attraktiv Persounen vir, déi an hirer ganzer Léift matenee verschmëlzen. Doduerch entsteet den Zwang, datt d’Fra jo um 14. Februar wann ech gelift glat raséiert soll sinn an top gestylt an der deierer Spëtzenënnerwäsch, mam roude Kleed driwwer de Mann häerzlech empfänke soll. Him säi Part ass et dann, op mannst mat enger Undeitung vu Sixpack iwwerzeegen ze kënnen a senger Madamm mat engem romanteschen Iessen eng Freed ze maachen.

Wien dësem Bild net gerecht gëtt ka sech schonn emol liicht mannerwäerteg fillen. Mee d’Onéierlechkeet geet och nach ee Schrëtt weider: U Vältesdag sollen d’Koppelen een Dag am Zeeche vun der Léift verbréngen a jiddwerengem dobaussen et och gefällegst matdeelen. Dëst Idealbild no baussen hin gëtt just wéineg Deeg méi spéit bei sou munche Koppelen zerstéiert – schliisslech steet Karneval virun der Dier. Wat bei der Anonymitéit duerch d’Verkleedung a Kombinatioun mat vill Alkohol geschitt kann ee sech dann denken.

De kommerzielle Gedanken

Och d’Geschäfter, Restauranten an aner Déngschtleeschter hu Blutt geleckt an notzen dësen Dag fir dem Client speziell Aktiounen unzebidden. Virun allem bei de Blummenhändler geet dem Ëmsaz esou drastesch an d’Luucht, wéi dat ganz Joer iwwer net. Eng Rous fir 5€ ass un dësem Dag bemol net méi ze deier, wouduerch d’Floristen – op alle Fall an Däitschland – bis zu 400% méi Ëmsaz maachen. Datt ee Bouquet tëscht 50 an 100€ kascht deet u Vältesdag wuel net esou wéi am Portmonnie an do profitéiert d’Wirtschaft.

vältesdag

Donieft lackelen awer och d’Restaurante verléifte Cliente mat spezielle Vältesdag-Menüer un, wou een am beschten ëmmer op d’Präis-Leeschtungs-Verhältnis kucke sollt. Duerch dat gesteigert Konsumverhale kënnt den Dag vun der Léift dem geckegen Akaf fir Chrëschtdag ganz no, wouduerch Vältesdag och zu enger Aart Luxus-Dag gëtt. Virum Wirtschaftswonner an de 50er Joer huet nämlech bal keen um 14. Februar ee Cadeau kaaft – mëttlerweil ass dëst awer wuel ee Muss.

Problem: eleng doheem

Datt mam Vältesdag sech eng Rei Leit immens ausgeschloss fille gouf anscheinend net beduecht. Zemools fir déi meescht Singlen ass den Dag vun der Léift een eenzegt Ënnert-Nues-Reiwe vun der Tatsaach, datt si eleng do stinn. Un all Eck gëtt ee mat rosa-rouden Häerzer konfrontéiert an och Doheem ass ee scheinbar net sécher. Den een oder romantesche Film wäert dofir suergen, datt et mat de Gléckshormoner esou richteg Bierg of geet.

An dësem Fall hëlleft allerdéngs ee flotte Fraen- oder Männerowend, bei dem een et genéisst, net an enger stresseger Bezéiung ze sinn an ouni Rechtfäerdegung maachen ze dierfe, wat ee well.

vältesdag

Léift läit an der Loft

Op eleng oder an enger glécklecher Bezéiung – eigentlech braucht et dach keen Dag fir d’Léift ze feieren. Zouneigung weisen a seng Gefiller ausdrécke sollt een och un all anerem Dag kennen. Ee léiwe Geste sollt vun Häerze kommen, an net duerch ee gesellschaftlechen Zwang. A wéi huet et des lescht geheescht? „Ech muss u Vältesdag net verléift sinn. Un Allerséile sinn ech schliisslech och net dout!“

 

Ähnlech Sujeten 14. Februar, Cadeau, Editorial, Konsumgesellschaft, Kritik, Léift, Rous, Valentin, Vältesdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel