Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Fondatioun Biermans-Lapôtre feiert säin 90.
International Meenung dating someone who doesn't want to work

find out who is on dating sites

Zu éiere vum 90. Gebuertsdag vun der Fondatioun Biermans-Lapôtre zu

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“
International Meenung dating someone who doesn't want to work

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“

Um vergaangene Freideg ass eist gréisst Volleksfest nees an eng

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten
International Meenung dating someone who doesn't want to work

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten

Et huet iwwer de Summer vill Chantiere bei der Eisebunn

Editorial: déi ultimativ Bedreeung?

Editorial: déi ultimativ Bedreeung?

Am sech auswäitende Konflikt tëscht dem Iran an den USA, riskéiert et zu engem globaliséierte Krich ze kommen, aus deem sech dann och Russland a China net méi wierklech wäerte kënnen eraushalen. Huele mir een Ament Ofstand dovunner, ob et eng gutt oder schlecht Saach ass, ee laang gehaasste Feind am Land ze ermuerksen, wou een eigentlech Gaascht an net Haushär ass.

Och d‘Resolutioun vum irakesche Parlament, mat där en Ofzuch vun allen auslänneschen Zaldote gefuerdert gëtt, setze mir hei a klammeren, och wann déi en zimlech däitleche Message an sech dréit. Wende mir eis villméi der US-Bedreeung zou, an där si rhetoresch de Regime, faktesch awer den Iraner als Gesellschaft domatter dreeën, hiert kulturellt Iewen dem Buedem gläich ze maachen.

Dat ass déi éischte Kéier, datt en US-President – an dann och nach via Twitter, also net emol iwwert de sougenannten offizielle Wee – e Krichsverbriechen ukënnegt, vun deem unzehuelen ass, datt hien och bereet ass en ze begoen. Eng geziilt Zerstéierung vu kulturelle Gidder a kulturellem Iewen, setzt d‘USA op dee gläichen Niveau wéi den IS, deen aus anere Grënn d‘Kultur ofschafe wollt.

Am Protokoll vun Den Haag (1954) ass de Schutz vum „kulturellen Iewen“ detailléiert festgehale ginn an den 9. Dezember 2019 war d‘Urgence, d‘Kulturgidder ze schützen, nach emol op de Leescht geholl ginn. D‘Annonce vum Donald Trump, 52 Standuerter am Iran – als Vergeltung fir déi 52 US-Geisele vun der US-Ambassade (1979) – zerstéieren ze wëllen, ass awer eescht gemengt

Zudeem sinn esou Aussoen net de richtege Wee fir „Verhandlungen“ ze fuerderen, respektiv ze erzwéngen. Sollt et effektiv derzou kommen, datt den US-President Loftschléi op iraneschem Gebitt unuerdent, da kënnt et zu engem neie Golfkrich, deen duerchaus zum 3. Weltkrich féiere kann. Wat dat och fir Lëtzebuerg géif bedeiten, sollt eis eigentlech de Jean Asselborn missen erklären

Foto: Während mir eis Froe wéi et weidergeet, trauert den Iran. © Press TV

Ähnlech Sujeten Hezbollah, Irak, Iran, Krich, Quassem Soleimani, Schiiten, Terror, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel