Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer
Meenung Neiegkeeten

Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer

A sengem Blog, ass den Direkter vun der Handelskummer, Carlo

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!
Meenung Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an

LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat
Meenung Neiegkeeten

LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat

Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen

Si war dem „Fonkekätt“ – wéi de Feierkrop d‘Prinzessin vun Editpress SA gäre genannt huet – hiert léifste Kand: de „Jeudi“. Dëst imminent wichtegt Wocheblat, dat 1997 ganz gezielt fir déi éischter frankophon Matbierger am Land gemënzt war, an där hir Editorial-Linn sech ganz däitlech vum Gewerkschaftsjournalismus am Tageblatt ënnerscheet huet, ass elo endgülteg ofgeschaaft ginn.

Elo kann een (sollt ee vläicht och) ënnerschiddlecher Opfaassung iwwert de Notzen an de Sënn vun enger Zeitung sinn, déi sech engersäits un eng bestëmmte Clientèle wennt, anersäits als Generalist mat gehuewenen Uspréch presentéiert huet. Déi Fro déi sech am Fall vum „Jeudi“ stellt, bezitt dann awer manner op seng Lieserschaft. Vill méi stellt sech d‘Fro wat mat den 11 Journaliste geschitt.

Laut dem Communiqué vum Presserot, dee sech immens „traureg“ fillt, an d‘Astellung vum Jeudi als een immense Verloscht vun intelligentem Journalismus consideréiert, kéint een unhuelen, datt d‘Jeudi-Journaliste fir aner Lëtzebuerger Zeitungen iwwerqualifizéiert sinn, oder zumindest déi „aner“ Zeitunge kee Qualitéitsjournalismus, gemooss un den Uspréch vum „Jeudi“, ofliwweren.

Interessant ass awer och am Fall vum „Jeudi“, datt déi journalistesch Patronatsgewerkschaft ALJP, wou Editpress net wierklech „ënnerrepresentéiert“ ass, sech offusquéiert. Si, also d‘Gewerkschaft, dréckt de Journalisten hir Solidaritéit aus a stellt fest, datt esou héichwäerteg Mataarbechter grouss Schwieregkeete wäerten hunn, am „Milieu“ nees en Job ze fannen. Esou geet Klassekampf haut…

Woubäi et muss erlaabt sinn ze erwähnen, datt d‘Editpress-Vertrieder am Presserot an der ALJP, am Grupp (Tageblatt/Le Quotidien/L‘Essentiel/Revue/Correio/Graffiti) net den Haff kieren an esou no un der Entscheedung dru waren. Eng Iwwerraschung ass et faktesch net. Iwwerraschend awer ass, datt ALJP den Haaptaktionär „OGBL“ interpelléiert an vun dësem fuerdert an Zukunft opzepassen.

Et ass tatsächlech traureg wann eng Zeitung aus dem Stänner fält. Ob ee seng Trauer am Fall vum „Jeudi“ méi oder manner zum Ausdrock bréngt ass awer irrelevant. Fort ass fort, heescht et an et wäert wuel Ursaache ginn, firwat een héichwäertege Journalismus zu Lëtzebuerg net brauch, oder et zumindest net relevant genuch ass, fir dorausser e Wirtschaftsmodell ze maachen.

Bleift nach festzestellen, datt besonnesch d‘Solidaritéit ënnert de Journalisten zu Lëtzebuerg, a grad déi wou hir Gewerkschaftskaart bei ALJP gezunn hunn, sech a Grenzen hält. Et hätt ee sech zumindest e butzege Protestpiquet an der Kanalstrooss erwaarden dierfen. Wann awer däi Virgesaten och däi gewerkschaftleche Representant ass, huet déi redaktionnell Aarbecht Virrang.

Illustratioun: Michi

Ähnlech Sujeten ALJP, Editpress, Fonkekätt, Jeudi, Presserot, Tageblatt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel