Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen
Meenung

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen

Hie war en engagéierten, jo e passionéierte Politiker, deen sech

Youth for Climate Lëtzebuerg: Fight Every Crisis!
Meenung

Youth for Climate Lëtzebuerg: Fight Every Crisis!

Um Freideg, den 1. Mee, hunn sech 80-100 AktivistInnen op

Sträit tëscht China an den USA féiert zum Clash am UN-Sécherheetsrot
Meenung

Sträit tëscht China an den USA féiert zum Clash am UN-Sécherheetsrot

Eigentlech wier am Kontext vun der Covid19-Pandemie eppes méi Zesummenhalt,

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt

Hei eng Saach, déi s de mengs ze wëssen: Deng Sécherheet ass eng Illusioun. A jiddereen, deen der méi versprécht, en Zauberkënschtler. Een, deen deng Stëmm wëll hunn.

Déi lescht puer Deeg ware mat schwéierer Kascht duerchsat. Een Attentat nom aneren, an dat mat Messere, Sprengstoff a Gewierer. Do fillt een sech betraff, wat ganz normal ass. Och normal: E Bedierfnes no méi Sécherheet. Et weess een zwar net, wéi vill een dovunner huet, oder braucht, mee méi ass ganz kloer besser.

Dat wësse Politiker. Dowéinst probéieren se, engem alles Méigleches mat dem Verspriechen no Sécherheet ze verkafen. Sief et d’Noutstandsgesetz, eng Erliichtert Ariichtung vun Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz oder e Verbuet fir anonym kënne Pre-Paid Kaarten fir den Handy ze kafen. Och ganz beléift: d’Internetiwwerwachung. Ob dat Sënn mécht, ass onkloer.

Kloer ass, datt Frankräich scho November 2015 am Noutstand ass. Keen Enn a Siicht! D’Terroriste beandrockt dat net. Mee d’Fräiheeten vum gemenge Bierger sinn awer ageschränkt. Et weist, wéi wéineg deen Aktionismus bréngt. An et weist virun allem, datt e Sécherheetsgefill nëmme subjektiv ass. Mat der Realitéit hänkt et net wierklech zesummen.

Kënnt dobäi, datt dat alles eng logesch Fal ass: Wann ech Polizisten mat automatesche Waffen op der Gare gesinn, fillen ech mech net méi sécher. Nee, ech sichen dann no der Bedreeung, déi op mech lauert. Bestëmmt, iergendwou, an enger donkeler Eck.

Paranoia ass eng Niewewierkung. Eng weider Emotioun, déi – novollzéibar, wéi se ass – sech ausnotze léisst, fir déi horrendste Saachen duerch ze drécken. A grad dowéinst sollt absolut Virsiicht herrschen: Fräiheeten, déi een am Numm vu Sécherheet opginn huet, loosse sech sou schnell net einfach erëm hierstellen.

Virun allem sollt een als Mënsch capabel sinn, och emol ofzeschalten. D’Nooriichtewelt bombardéiert een och mat stänneg neien Schreckensmellungen. Zum Terrorismus gehéiert eng méiglechst wäit Verbreedung duerch d’Medien och dozou. Dowéinst loosst iech d’Situatioun net schlëmmer virmaache, wéi se dat wierklech ass.

Ähnlech Sujeten Frankräich, Lëtzebuerg, Sécherheet, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel