Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!
Meenung

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!

E Freideg Mëtteg huet, no laange Preparatiounen, den Transport vun

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Meenung

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt
Meenung

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt

Iwwert de Misär vun de Buschaufferen an aus dem Privatsecteur

Editorial: D’Gefor vu Riets

Editorial: D’Gefor vu Riets

Ronderëm d’Walen a Frankräich ass vill iwwert d’Gefor vu Riets geschriwwen a geschwat ginn. A gären huet een hei zu Lëtzebuerg de Verweis dorobber gemaach, datt mer hei aus dem rietsextremen Eck am Fong näischt ze fäerten hätten. Allerdéngs gesinn ech dat anescht. Wee nëmme laang genuch op de soziale Netzwierker ënnerwee ass, dee weess, datt dat Gedankegudd wäit genuch verbreet ass. Schlëmmer nach: et fënnt Néierschlag an eiser Parteilandschaft.

De Joe Thein huet säit laangem zu engem vun den Haaptacteuren vun dëser Szeen gehéiert. Nodeems souguer den adr senger midd ginn ass, ass dësen elo higaangen an huet seng eege Partei gegrënnt. A wat een do am Grondsatzprogramm sou liest, mécht engem schnell d’Aen op: do gëtt vu Wirtschafstflüchtlingen, Friemherrschaft ënnert der EU an “lénkspolitesch Agenda mat arbiträre Geschlechter oder anere Geschlechtsidentitéiten” geschwat.

Sou wäit, sou Wutbierger 2.0.

Et sinn awer net déi eenzel Zitater, déi mech beonrouegen. Et sinn d’Iddien, déi vermëttelt ginn. Et kritt ee beim Liesen vum Programm d’Gefill, datt ëmmer „déi aner” Schold um Misär, deen et anscheinend am Land gëtt, sinn. Eise Rentesystem zum Beispill soll doduercher gerett ginn, datt de Finanzéierungsmodell “deen u Populatiounswuesstem an Immigratioun gekoppelt ass, reorientéiert [gëtt]”. A wéi eng Richtung, dat ass egal, haptsaach, et huet een e Grond méi fir d‘Immigratioun ze bremsten. Déi ass iwwerhaapt esou ee Problem, deen déi Konservativ am léifsten duerch en „Zouwanderungskontingent deen d’Integratiounsfäegkeet vu Lëtzebuerg respektéiert, an d’Lëtzebuerger als Majoritéitscommunautéit am eegene Land séchert” ersetze géifen. Et ass ze bezweifelen, a wéifern dat mat EU-Recht a Verträg vereinbar ass. Ajo, Fremdherrschaft, richteg.

Dat ass awer net den eenzege Punkt, wou Starrsënnegkeet herrscht. De Joe Thein huet schonn ëmmer säi Problem mat der Gendertheorie gehat, an ni sou ganz verstane, datt tëscht Gender a Geschlecht nawell en zimlechen Ënnerscheed besteet. Ma e besteet drop, datt et zwee Geschlechter gëtt, net méi, a scho guer keng Geschlechteridentitéiten. Domadder ginn éischtens Intersex Persounen ausgeklamert an zweetens all déi, déi sech mat den Gendernormen vun der Gesellschaft net ufrënnen an identifizéiere wëllen.

Wat een do fënnt, ass also net wesentlech méi wéi bellechsten an inhaltlosen Rietspopulismus. Eenzege Liichtbléck ass do wuel d’Tatsaach, datt de Joe Thein gläichgeschlechtlech Liewensgemeinschaften toleréiert. Woubäi dat am Programm als „avantgardistesch” bezeechent gëtt. Et däerf ee sech d’Fro stellen, op et 2017 nach ugemooss ass, dee Begrëff ze benotzen. Och bei Themen wéi Euthanasie an Ofdreiwung fënnt een duerchaus erwaarten Tendenzen: Béides kritt en harde „Nee“ vum Joe Thein-Veräin erdeelt.

Den éischten Test fir déi nei Partei steet elo scho bei de Gemengewale vir. Et wäert interessant ginn ze gesinn, op se et iwwerliewen.

Ähnlech Sujeten Altright, déi Konservativ, Joe Thein, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel