Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider
Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt,
Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt,
Zënter 1991 gëtt den internationalen Dag vun der Hiewan all
Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass
Op der Sich nom „Wisou?“ sinn ech allerdéngs direkt zu Recht gewise ginn. Hat ech dach genervt mat der Recherche an der Befroung vu Mann a Fra nom Hannergedanken an der Reaktioun op esou Biller ugefaangen, hunn ech missen feststellen, dass ech meng ufänglech Anti-Haltung vis-à-vis vum Mann a méi en neutraalt Bild ännere misst. Mee elo emol der Rei no.
Wat op géigesäitegem Accord geschitt, ass natierlech net ze veruerteelen. Verständlech ass och, dass Koppelen oder Verléifter, déi sech aus wat fir enge Grënn och ëmmer net kënne gesinn, d’Geleeënheet ergräifen an iwwert Fotoen an Texter fir béidsäiteg Befriddegung suergen. D’Moyenen sinn am modernen Zäitalter jo ginn.
Ma, et gëtt awer och déi Säit, dass een ongewollt en Dickpic kritt, deemno wéi souguer schonn direkt no der Begréissung. Op d’Fro „Wëlls de en gesinn?“ mat engem Nee ze äntweren, hëlleft seelen oder féiert zu Diskussiounen. Esou ass et op alle Fall bei mir a Frëndinne vu mir ofgelaf.
Op Nofro beim männleche Geschlecht, wat si sech dobäi denken a wat si sech erhoffen, koumen ënnerschiddlech Äntwerten eraus. Si schécken bewosst Biller vun hirem beschte Stéck am Wëssen, dass d’Fra et net unzéiend fënnt. Et geet ëm Muecht, Dominanz a Stäerkt. Och keng Äntwert suergt fir Bestätegung, wärend eng negativ Reaktioun dozou féiert, dass den Typ sech beleidegt zeréckzitt.
Als absolute Beweis fir hir Männlechkeet a Potenz siche verschidde Männer no Bestätegung, erhoffe sech a verschidde Fäll awer och e flott Bild zeréck. Dobäi kënnt nach, datt d’Anonymitéit dozou féiert, datt d’Hemmschwell e ganz niddregen Niveau unhëlt.
Fir verschidde Männer géif d’Verschécke vun esou Biller awer och zum modernen Dating dozougehéieren. Et wier „schliisslech egal, ob een et um Bild oder a Realitéit gesäit“. Ma, dës Persoun géif awer just Dickpics verschécken, wa si d’Erlaabnis krut oder duerno gefrot gouf.
Nieft der Hoffnung op e bësse Sexting, koum eng weider Äntwert ganz oft op: D’Fra (oder och de Mann) soll gesinn wat si/hien kréie kéint oder wat hir/him entgeet. Wat allerdéngs e bësse fir ze laache war, ass dass all Befroten uginn huet, dass en jo nimools esou Biller géif verschécken, mee wann, da wier et wuel aus engem vun deene genannte Grënn.
Wa mer bei engem Thema sinn, wat Männer a Frae betrëfft, sollt een och no der weiblecher Meenung froen. Wärend ech perséinlech jo net weess, wat ech op esou e Bild äntwere soll, ech se net immens manéierlech fannen an näischt domat ufänke kann – an dat huet och d’Majoritéit vun den weibleche Befrote bestätegt – ginn et tatsächlech Fraen, déi de Mann bewosst no sougenannten „Nudes“ froen oder och d’Géigestéck – an deem Fall „Pussy Pics“ genannt – verschécken. A genee dat ass de Punkt, wou d’Anti-Haltung an d’Denken „buhh, dir onmanéierlech Männer do“ ophält.
Wärend ech d’Männer befrot hunn, krut ech oft genuch geschriwwen, dass Fraen hinnen ongefrot Opnamen vun hire Brëscht oder aner Biller mat immens vill Haut geschéckt hunn, wat fir si och net (ëmmer) a purer Begeeschterung ausgeaart ass. Déi Saach mat den „Nudes“ geet also a béid Richtungen, just dass net oft vum getoufte Mann bericht gëtt.
Hale mir also fest, dass Fraen an dëser Hisiicht net onbedéngt besser sinn, wéi d’Männer, an dass een net nëmmen mam Fanger op ee Geschlecht weise kann. Wat ass also genee de Problem?
Ma, et geet ëm de Culot, e Bild vum Geschlechtsdeel ongefrot ze erhalen, an sech net wieren ze kënnen. Ass et bis eemol um Bildschierm, muss een bal drop kucken, fir d’Chat-Fënster zouzemaachen.
Bei der Fra ass et nu emol och esou, dass een léiwer eng eege Fantasie opbaut an dës am Kapp ofspillt. Manner ass méi. Mir brauche keen Bild vum beschte Stéck als Aart Input fir erreegt ze ginn a freeën eis méi drop, verschidde Regiounen a Realitéit ze entdecken. Et soll jo schliisslech spannend bleiwen.
Eng Etüd aus Groussbritannien vu YouGov aus dem Joer 2018 huet sech d’Thema „Dickpics“ emol méi genee ugekuckt. Ganzer 2.121 Fraen an 1.738 Männer goufen dozou befrot.
53% vun den 18-24 järege Fraen hunn uginn, datt si schonn emol vum Mann e Bild vum Geschlechtsdeel geschéckt kruten. Bei den 25-30 Järegen sinn et der 49%. An 89% vun de Fäll wou eng Fra en Dickpic krut, huet si net duerno gefrot.
Dogéint ginn awer just 22% vun de Männer zou, dass si schonn emol eng Foto vun hirem beschte Stéck verschéckt hunn. Ma, 5% hunn et souguer ongefrot gemaach. Erkläert gëtt dësen immense Sputt doduerch, dass Männer et ongär zouginn, dass si Dickpics un eng oder méi Fraen verschécken. Schécken ass also okay, et ëffentlech soen net.
Ofschléissend bleift just ze soen, datt souwuel Mann, wéi och Fra sech léiwer bedeckt hale sollen, wann net explizit no bestëmmte Biller gefrot gëtt.
Sou, genuch Kornischong fir haut!
Opmaacherbild: © Deon Black / Unsplash