Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltonguelove
De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert
International Meenung

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert

Et ass net all Dag, wou en esou ambitiéise Projet

coollove
GIMB: Gesond iessen, méi bewegen
International Meenung

GIMB: Gesond iessen, méi bewegen

Et ass dann elo scho fir déi zéngte Kéier wou

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell
International Meenung

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“

Wat sech den Ament an der politescher Zeen zu Berlin ofspillt, datt kann een ouni op populistesch Parollen eranzefalen, als eng „Politik zum Ofgewinnen“ bezeechnen.

Wann et als erwisen ugesi gëtt datt de Verfassungsschutzpresident, Hans-Georg Maaßen (CDU), um rietsen A blann ass, der AfD (rietspopulistesch/rietsextrem) net nëmme vertraulech Informatiounen zougeschanzt huet, mee dëse „Veräin“ och nach berode soll hunn, an aus dësem Grond „entlooss“ ginn ass, da kann ee sech scho wonneren, datt hien „d‘Trapop gefall ass“.

De 55 järege Jurist, huet no de Virfäll zu Chemnitz, a senger liicht arroganter Aart a Weis mat esou engem „Problem“ ëmzegoen, misse vu sengem Amt enthuewe ginn. Hien hat mat vill Nodrock drop higewisen, datt de Video, deen zweiwelsfräi eng „Mënschejuegd“ weist, e „Fake“ wier, dee vu radikale Lénken zesummegebastelt gi wier. Och wéi d‘Police d‘Echtheet vum Video bestätegt huet.

D‘Kanzlerin huet him also säi Posten entzunn, an… nee net bei der Däiwel geschéckt wou dësen Dabo eigentlech higehéiert, mee tatsächlech en nach besser bezuelte Job am Inneministère vum Horst Seehofer (CSU) zougesprach. Als (faschistesche) Verfassungsschützer huet den Hans-Georg Maaßen 11.577 Euro/Mount verdéngt, a sengem „neien“ Job sinn et der 14.157 Euro.

Fir déi gréng Fraktiounspresidentin am Bundestag, Katrin Eckardt-Göring: „Dat en onfaassbaart Gemauschels. Wien esou en onloyale Beholl an d‘Kuschele mat der AfD belount, huet all Gespier fir Anstand verluer“. A si huet vollkomme Recht! Engem erwisenermoossen net gesellschaftsfäege Jurist a Politiker, no krassem Versoen e Posten als Staatssekretär unzebidden: onverständlech.

De Sigmar „Siggi“ Gabriel dozou: „Wann (…) Onfäegkeet am Amt elo mat engem Carrièresprong belount gëtt, dann huet den Horst Seehofer gutt Aussiichten nach UN-Generalsekretär ze ginn“. Do elo ze mengen, datt déi Grouss Koalitioun (GroKo) kéint auserneebriechen, ass e Feeler. D‘SPD ass emol ze besiess un der Muecht ze bleiwen, a verléiere léiwer weider Prozenter, wéi e Mandat.

An datt dat ganzt Spill dann och nach vun der Kanzlerin Angela „Mutti“ Merkel mat gedroe gëtt, ass och e Beweis, datt d‘Physikerin den Eescht vun der Lag net erkannt huet. Mat „Mir schaffen dat“ ouni e Plang ze hunn, huet si wuel Häerz gewisen, mee well et awer dëse Plang net ginn huet, ass de Populismus an d‘Mëtt vun der Gesellschaft geréckelt. D‘Kausa „Maaßen“ passt dozou.

Eigentlech wier et un der Zäit dat si geet, se soll d‘Pensioun huelen, an der Uckermark Gromperen ziichten. Mat hirer Politik gëtt de Populismus gestäerkt, an déi wou sech nach Politik interesséieren an engagéieren, ginn endgülteg degoûtéiert. Gutt d‘Sozialisten droen och zolidd dozou bäi, mee si wollte jo onbedéngt eng onméiglech Koalitioun mat der „Mutti“ agoen. Dat hunn se dovunner…

Foto: Dat ass d‘Gesiicht vun engem Jurist a Politiker, deen eigentlech hätt sollen d‘Verfassung schützen, mee et virgezunn huet d‘Populiste vun der AfD ze beroden. Den Hans-Georg Maaßen, gëtt dofir mat engem Posten als Staatssekretär am Inneministère belount. An da sollen d‘Leit nach „Volleksparteien“ wielen. © Tobias Schwarz/AFP

Ähnlech Sujeten AfD, Angeka Merkel, Chemnitz, GroKo, Hans-Georg Maaßen, Verfassungsschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel