Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg
Meenung

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen

Dat On-liesbart
Meenung

Dat On-liesbart

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise
Meenung

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise

D’Lëtzebuerger Band Stelise huet de 5. Oktober an der Kulturfabrik

Editorial: Brauch Europa en Debat zur Aféierung vun der Doudesstrof?

Editorial: Brauch Europa en Debat zur Aféierung vun der Doudesstrof?

D‘Zäite veränneren sech, déi Wäerter fir déi eis Elteren agestane sinn, déi Wäerter fir déi d‘Leit nach viru Joren op d‘Strooss gaange sinn… Wou sinn se drun, wat ass dovunner iwwreg bliwwen? Eng Fro déi, wann ee sech all déi Commentaire duerchliest, déi et als Reaktioun op eisen Artikel zum Dout vum Stroossbuerger Attentäter ginn huet, berechtegt ass.

Kaum e Kommentar, an deem den Dout vum Cherif Chekatt net begréisst gi wier. Dat kann een nodenklech stëmmen, well vun de läit déi reagéiert hunn, keen direkt betraff ass. Sécher léisst sech d‘Matgefill mat den Affer verstoen. An et besteet keen Zweiwel dorunner, datt et sech hei ëm eng hannerlëschteg Dot gehandelt huet. Mee geet dat schonn duer fir sech iwwert den Dout ze freeën?

An eigentlech gëtt schonn zanter Joren ëmmer erëm – egal op an de sozialen Netzwierker oder beim Patt um Comptoir – d‘Doudesstrof gefuerdert. Fir Täter déi sech u Kanner vergräifen, Frae vergewaltegen, Déieren op dat schrecklechst mësshandelen, avm… Dat huet vill mat „Emotioun“ ze dinn, der Roserei op den oder déi Täter, an oft mat der eegener Hëlleflosegkeet.

Et ass och esou, datt d‘Leit sech ëmmer méi oft iwwert d‘Uwennung vun de Gesetzer wonneren. Ganz oft hunn d‘Leit d‘Gefill, datt engersäits ze „kleng Strofen“ ausgeschwat ginn, de Brigang ze séier nees an d‘Gesellschaft „integréiert“ gëtt. D‘Gesetzer, esou déi gängeg Meenung, wieren op déi Beschëllegt ausgeriicht, net op d‘Leed dat den Affer ugedoe ginn ass.

Dofir sollt een den ëffentlechen Debat an der europäescher Unioun opmaachen, an d‘Géigner wéi d‘Partisane vun der Doudesstrof sech ausdrécke loossen. Béid Lager kënnen sech op Argumenter beruffen, déi milliounefach an de sozialen Netzwierker nozeliese sinn. Argumenter déi, egal op dofir oder dergéint, bal ëmmer eng grouss Mass u Commentaire mat sech bréngen.

An Amerika hunn se zum Beispill e President, an deen hätt och gären, datt méi Leit zum Dout veruerteelt a higeriicht solle ginn. Him gefält dat guer net, datt et ëmmer manner Hiriichtunge gëtt, an erfreet doriwwer, datt bal d‘Hallschent vu senge Sujete géint d‘Doudesstrof sinn, ass hien och net. Gutt datt et op de Philippinnen an am Noen-Osten nach „Regierunge mat Charakter“ gëtt.

Ähnlech Sujeten Doudesstrof, Europa, Geriicht, Pedophilie, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel