Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Portugisesch Ambassade entléisst Botzfra: den OGBL „veriergert“
https://moien.lu/beste-online-dating-apps/

Portugisesch Ambassade entléisst Botzfra: den OGBL „veriergert“

Nodeems déi portugisesch Ambassade onrechtméisseg eng zu Lëtzebuerg beschäftegt Botzfra

best online dating strategies
https://moien.lu/beste-online-dating-apps/

most popular dating site in ireland

Autorerechter an der EU: d‘Reform mat knapper Majoritéit ugeholl
https://moien.lu/beste-online-dating-apps/

Autorerechter an der EU: d‘Reform mat knapper Majoritéit ugeholl

Bei der ëmstriddener Reform vun den Autorerechter (Copyright) hunn d‘Memberlänner

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz

De Buergermeeschter vun Déifferdeng huet sech eng zolidd Gaffe geleescht, d‘Feeler agesinn an nodeems elo de Parquet „enquêtéiert“ dann och säi Mandat néiergeluecht. Dat ass politesch korrekt a soll de Beweis liwweren datt ee Verantwortung iwwerhëlt an d‘Konsequenze wéi „ee Mann“ droe kann. Woubäi dat wat hei no „Verantwortung“ ausgesäit „Relativ“ an der Konsequenz ass.

Wann et richteg ass, datt eise politesche System de Cumul vun de Mandater zouléisst, esou gesinn d‘Politiker et seelen – eigentlech ni – an datt ee als Buergermeeschter keng differenzéiert oder ënnerschiddlech politesch Verantwortung huet, wann een zäitgläich Deputéierten ass. Sécher kéint ee gutt halen den Deputéierten eng aner Responsabilitéit wéi e Gemengepapp huet, net awer wann dës Mandater a Personalunioun ausgefouert ginn. Also entweder Chamber oder Gemeng!

Am Fall vum Roberto Traversini, deen duerchaus och nach eligibel fir d‘Mandat vum Minister fir Logement ass, well et dem Sam Tanson trotz immensem Engagement net méiglech ass dräi Mandater (Logement, Kultur a Justiz) auszefëllen, zumindest wann een dës dach ënnerschiddlech Ministère no alle Regele vun der Konscht leede wëll an virun allem och muss, stellt sech eng Fro.

Kann een, nodeems ee Feeler, déi duerchaus juristesch Folge kënnen hunn, ageraumt huet, zwee politesch Mandater auserneenhalen? Eigentlech net, wat jo och der gréisst vun eisem Land geschëlt ass. All politesch Decisioun op kommunalem Niveau huet en Impakt op d‘Nationalpolitik, esou wéi villes wat um Krautmaart „diskutéiert“ gëtt, sech op kommunalem Niveau néierschléit. En Député-Maire ka keng ënnerschiddlech Standpunkten an der Gemeng an um Krautmaart vertrieden.

Wien sech an där enger oder anerer Funktioun eng Bléisst gëtt, befleckt domatter automatesch dat „anert Hiem“. Konsequent also wier et, wann de Roberto Traversini, dee jo als Buergermeeschter zréckgetrueden ass, zumindest säi Mandat an der Chamber géif roue loossen, bis de Parquet seng Ermëttlungen ofgeschloss an zu engem Entschloss fonnt huet. Dat awer wäert wuel net geschéien.

Datt déi Déifferdenger Sektioun vun der Piratepartei dann och Neiwahlen an der Gemeng fuerdert, sollt engem aliichten och wann et éischter onwahrscheinlech ass, datt et esouwäit kënnt. D‘Piraten dierften de Skandal, wann hirer Fuerderung net Rechnung gedroe gëtt, um Krautmaart mat enger Rei Motioune weider um Kachen halen. Et ass dobäi esouguer irrelevant, datt se wéi et do üblech ass ofgewise ginn. Woubäi d‘Piraten an der Chamber net déi eenzeg Oppositiounspartei ass.

Zudeem wäert sech d‘Ministesch déi dem Parteifrënd nodréiglech d‘Autorisatioun ausgestallt huet op eng Rei Froe mussen astellen. Wann een als Bierger dem Carole Dieschbourg duerchaus gäre gleewe wëll, datt alles Gesetzeskonform geregelt gouf, esou bleift hei e batteren Nogeschmaach net aus. D‘Ministesch riskéiert hei u Glafwierdegkeet ze verléieren, wat och d‘Koalitioun bedreet…

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi lénk, Déifferdeng, DP, KPL, LSAP, Parquet, Piraten, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Nächsten Artikel Virrechten Artikel