Search

You may also like

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen
Meenung Neiegkeeten

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen

Gëschter, den 12. Dezember 2020, huet d’Lëtzebuerger Handballnationalequippe géint d’Färöer

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp
Meenung Neiegkeeten

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi
Meenung Neiegkeeten

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi

Italien kënnt net wierklech aus senger politescher Kris eraus. Gëschter

Editorial: Vu Prüfungsdrock an Zukunftsangscht

Editorial: Vu Prüfungsdrock an Zukunftsangscht

Mam Minister Claude Meisch sengem Video zur Begréissung am Kader vun der 34. Editioun vun der Studentefoire, déi jo aus bekannte Grënn an digitaler Form stattfënnt, gouf ech vun engem Ament op den aneren un den Drock erënnert, deen ech deemools als Primaner verspuert hunn.

Nodeems d’Decisioun de richtege Lycée ze wielen an déi Sektioun ze besichen, déi engem am meeschten zouseet, nach iergendwéi einfach war, soll een da bemol kloer wëssen, wat ee wou studéiere wëll, wéi een Beruff een uschléissend ausübe wéilt a wéi engem säi restlecht Liewen doduerch markéiert soll ginn.

Dem Minister seng Wierder, datt dës Decisioun gutt iwwerluecht soll sinn, ee sech preparéiere muss an de „richtege Wee“ eraussiche muss – schliisslech ass et „eng Entscheedung fir d’Liewen“ – si sécherlech net béis gemengt. Den ee Schüler wäert scho genee wëssen, wéi en nom Ofschloss virufuere wëll.

Ma, et gëtt awer och déi aner Säit. Dee Schüler, deen et net weess, deen onsécher ass. Et läit net nëmmen den Drock op senge Schëlleren, fir d’Examen mat Erfolleg hannert sech ze bréngen, mee zousätzlech déi ongedëlleg Stëmm, déi endlech Kloerheet wëll hunn, wéi et duerno virugeet.

Deemno wéi waarden Opnamexamen op de Schüler, a vläicht ass et deen Ament wou e sech decidéiert huet, schonn ze spéit se ze schreiwen. Da steet e Joer Waarden un – mee wat mécht een dann an deem enge Joer? Vläicht ass et och esou, datt een aus lauter Onsécherheet dem Drock vun den Elteren nogëtt an e Studium, ouni Passioun fir d’Fach, untrëtt, dat si vir hiert Kand virgesinn.

Ech wousst deemools wou meng Talenter leien an a wéi eng Richtung et histeiere sollt. E konkret Bild zum Studium hat ech awer net, an esou hunn ech meng Klassekomeroden, déi schonn e prezise Plang fir d’Zukunft parat leien haten, mat Bewonnerung gekuckt. „Wéi kann ee mat 18 Joer wëssen, wéi de Rescht vum Liewe soll ausgesinn? Wat ass, wann ech déi falsch Entscheedung treffen? Wat ass, wann ech mäi Studium untrieden, an awer herno keng Aarbechtsplaz an deem Beräich kréien?“ – dës an nach vill weider Froen sinn dat komplett Joer duerch mäi Kapp gedréit.

Wat ech awer bis haut an Erënnerung behalen hunn, war déi folgend Ausso vu menger Konscht- a Konschtgeschichtsproff am Lycée: „Léier dat, wat Dir Freed mécht. Entscheet dech net nom Kritär, ob genuch Aarbechtsplazen zur Verfügung stinn, well wou ech jonk war, stoungen d’Chancen och schlecht, datt grad ech d’Plaz als Konschtproff géif kréien. Wann s de eppes mat Passioun mëss, ergi sech d’Méiglechkeeten!“

Eng weider Saach, déi ech mëttlerweil erkannt hunn ass, datt déi Decisioun NET dat ganzt Liewe beaflosst. Et soll an där Hisiicht gutt iwwerluecht sinn, well jo net nëmmen d’Studéieren, mee och d’Sich no enger Wunneng, no neie Frënn, eventuell nom Transport an d’Ausland an de finanzielle Mëttel eng wichtegen Roll spillen. Mierkt ee wärend dem Studium, datt et net dat Richtegt fir een ass, kann een zu all Ament wiesselen. A vläicht ass et grad dann souguer méi einfach. Et krut ee schliisslech en Abléck an d’Studenteliewen an et huet ee wichteg Erfarunge gesammelt.

Léif Schüler vun den Ofschlossklassen: E „falsche Choix“ bedeit net d’Enn vun der Welt a mat dem Zukunftsdrock sidd dir net eleng. Dir fannt äre Wee!

Related topics Claude Meisch, Drock, Editorial, Examen, Ofschlossklassen, richteg Decisioun, Studentefoire, Studium, Universitéit, wichteg Entscheedung, Zukunft, Zukunftsangscht
Next post Previous post