Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt
mr right dating site online dating christchurch new zealand

1st dating tips

D‘Konferenz fënnt statt den 28. Februar um 19 Auer am

orlando speed dating 50+
mr right dating site online dating christchurch new zealand

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

Gemengen Zukunftsfit maachen
mr right dating site online dating christchurch new zealand

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Editorial: d‘SNCT op der Sich nom Goss…

Editorial: d‘SNCT op der Sich nom Goss…

Nodeems elo bekannt ass, datt déi technesch Kontroll vum Gefier fir den normalen Automobilist liicht méi deier wäert ginn, këmmert et d‘Patronat an aner Privilegiéierter séier wéineg. Betriber a Geschäftsleit kënnen déi Käschten, grad ewéi Assurance, Ënnerhalt a Sprit, ofsetzen. Ass also egal wat si zu „Sandweiler“ de Leit ofknäppen, den Déckkäpp hir Rechnung bezilt d‘Allgemengheet.

Déi national Gesellschaft fir technesch Kontroll (SNCT), déi et nach ni wierklech an d‘Häerzer vun de Bierger bruecht huet, hieft – quasi iwwer Nuecht – seng Tariffer ëm 40%. Dës Zuel eleng ass schonn eng bosseg, mee d‘Erklärung dozou, ass Nobelpräisverdächteg: „Mir erhéijen eis Präisser well mir d‘Qualitéit vun eise Servicer verbessere wëllen“, an dat ouni eng Minn ze verzéien…

Et dierft de Männer a Frae vun der SNCT net schwéier falen, och un dëser Missioun ze scheiteren. Woubäi et schonn en Challenge duerstellt, d‘Qualitéit vun eppes ze verbesseren, dat se dann och emol sollten aféieren: „de Service“. Keen erwaart sech vun enger „Autoritéit“ manéierlech behandelt ze ginn, a wien iwwer „Liewen an Dout“ entscheet, huet ëmmer dee gewësse Virsprong.

Also steet fest: déi technesch Kontroll gëtt net méi deier, well engem opgefall ass, datt et mat der !Qualitéit vun de Servicer“ net wäit hir ass, mee well een hei e liicht Affer zur Hand huet, deem, wann d‘Präisser vun der SNCT him net gefalen, jo bei d‘Konkurrenz goe kann, déi nach méi deier ass. An tatsächlech déi „net-staatlech“ Entreprise „DEKRA“ ass bis zu 12 Euro méi Deier.

Wann awer behaapt gëtt, datt dës déierescht der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport geschëlt gëtt, dann ass dat scho ganz no un enger „populistescher“ well ze einfacher „Erklärung“. Et ass sécher richteg, datt et en Afloss huet, net awer dee wou hei ugefouert gëtt. Et ass schlicht an ergräifend eng wirtschaftlech Iwwerleeung, bäi där sech d‘SNCT de Präisser vun der Konkurrenz upasst.

Den Dommen ass hei awer de „klenge Mann“, deem wou se virun e puer Wochen de Mindestloun erhéicht hunn. Dat ëm ganzer 100 Euro/Mount. Geld dat jo wëll an Ëmlaf kommen, an et bei der SNCT ofzeginn, muss een och als Investitioun an eis Verkéierssécherheet gesinn. Gutt dat ass elo wierklech kee gutt Argument, an awer. Kontroll muss sinn, soss sinn d‘Stroossen net méi sécher.

Ähnlech Sujeten DEKRA, Gratis Ëffentlechen Transport, Präiserhéijung, Qualitéit, Servicer, SNCT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel