12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche
D’Wäisst Haus zu Washington DC ass de Muechtzentrum vun den
Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un
Ech kucke mat engem décke Kapp a Richtung 2018. Nee, dat läit elo net dorunner, datt d’Feierdeeg besonnesch ustrengend waren. Éischter ass 2017 eent vun deene Jore, wat een am léifsten vergiesse géif. Wéi wann dat esou einfach wier…
An dobäi hat ech Enn 2016 geduecht, datt et net nach méi schlëmm kéint kommen. Hach, wat war ech do nach naiv! Mee egal, probéiere mer einfach optimistesch ze sinn, och domat ee besser rutscht. Do muss een sech och schonn emol ustrengen, fir d‘international Aktualitéit ze verdrängen. Am Land selwer leeft jo näischt, ugangs Dezember verzitt sech di versammelt Politik an de Wanterschlof. Villen passt dat gutt an de Krom, dann huet ee mol seng Roll. An et mengt ee bal, datt d‘Erëffnung vum Tram grad dowéinst op den 10. Dezember geluecht huet, fir datt et am Wanterlach (jo, de Summer ass net déi eenzeg Joreszäit, déi sech e Lach leeschten däerf!) alt nach en Thema gëtt, iwwert dat et sech ze schwätze lount.
Wou mer grad bei der Politik sinn, do ass 2018 och nees e schwéiert Joer, stinn eis dach Chamberswahlen an d‘Haus. De Wahlkampf versprécht, e Kampf mat de Wahlen ze ginn, huet e scho fréi ugefaangen. Et kéint een esou wäit goen, an d‘Gemengewahlen vun dësem Joer einfach als Prolog verstoen, e Virgeschmaach op dat, wat eis entgéint kënnt, souwuel vum Contenu wéi och vum Toun. Och dat stëmmt net positiv.
Dobäi sinn dach d‘Zuelen esou gutt! D‘Aarbechtslosegkeet erof, Kompetitivitéit a Wuesstem erop, mir hunn en Tram, besser nach, eng Standseelbunn (bleift mir mam „Fühnikuhlär“ ewech!), dat misst een dach glécklech stëmmen! Villäicht ass et dat fillt Geknouters, wat een andauernd ze héiere kritt. A villäicht ass et dann dach wichteg, sech bewosst ze maachen, datt et eben nëmmen d‘Knouterer sinn, déi sech op Facebook an de Kommentaren esou breet maachen. Leit, déi optimistesch sinn, ginn net kommentéieren. Villäicht, well se Besseres ze dinn hunn. Dorunner kéint een sech dach glat e Virbild huelen. E Virsaz fir dat neit Joer?