Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“
Fail Meenung WTF

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“

Gutt Zweedrëttel vun den Awunner vum Schwäizer Kanton Sankt Gallen,

Weltausstellung Dubai 2020: „Lëtz drénk e Pättche Wäin“
Fail Meenung WTF

Weltausstellung Dubai 2020: „Lëtz drénk e Pättche Wäin“

Fir Lëtzebuerg, dat mat engem eegene Pavillon un der Weltausstellung

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
Fail Meenung WTF

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

dislikesurprise

Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?

Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?

Eppes Polemik um Méindegmuere ka net schueden an esou ass mer de Gedanke komm, et kéint een eppes fir den Adrenalin maachen. Dofir dann och meng Fro, op et hautdesdaags nach zäitgeméiss ass en Eefamilljenhaus ze bauen? A besonnesch an eisem Land sollt een sech dëser Fro dann och stellen.

Et gëtt esou vill, a gefillt all Dag, iwwer d‘Wunnengsnout zu Lëtzebuerg geschwat a geschriwwen, datt ee mengt et wier eis eenzeg Suerg, a wahrscheinlech ass et aktuell och déi gréisst. Der Konjunktur geet et gutt, wie schaffe wëll huet um Aarbechtsmaart esou gutt Chance wéi laang net méi, a wien Honger huet kritt eppes z‘iessen.

Just eng Wunneng ass kaum nach ze fannen, a déi wou ee fënnt nëmmen nach mat vill Méi ze bezuelen. Vum Baue kann ee kaum nach schwätzen, et sief dann, et ass ee bereet sech iwwer Generatiounen ewech ze verschëlden. Et geet wuel nach Bauterrainen, mee esou wéi et do ausgesäit muss de och mat enger gudder Pai, nach eng Nier drop leeë fir een ze kréien.

Wann ee sech d‘Situatioun ukuckt, an och deem engen oder anere Politiker méi opmierksam nolauschtert, wier et gescheit a an d‘Héicht ze bauen. An näischt ass méi onsënneg wéi eng sougenannte Baulücke. Mee wéi et dann ëmmer esou ass, datt ass net an der DNA vum Lëtzebuerger verankert an och eis „nei“ Matbierger iwwerhuele séier eis schlecht Gewunnechten.

En Eefamilljenhaus ass egoistesch, a net méi eiser Zäit ugepasst. Et gëtt déi an Tëschenzäit, well dat eng Alternativ kéint sinn, driwwer nodenken, fir hirem Haus deen een oder anere Stack drop ze praffen, well se esou den eegene Kanner nach eng Wunneng zu Lëtzebuerg kënnen ubidden. D‘Zäite vum „Haus am gréngen“ sinn eriwwer an et muss eng geschéien.

Iwwer kuerz oder laang, wäert et souwisou keng Optioun méi ginn, an och wann ech mer et gären als utopesche Gedanke wëll virgeheie loossen, esou sinn ech iwwerzeegt, datt et enges Daags eng Regierung wäert ginn, déi mat engem Gesetz muss festleeën, datt een dat wat een haut nach als Eegenheem betruecht, muer scho muss gedeelt ginn.

Ähnlech Sujeten Eefamilljenhaus, Logement, Wunnengsmaart, Wunnengsnout
Nächsten Artikel Virrechten Artikel