Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt
hillsong london dating

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Um Kaffisdësch vum Stater Schäfferot, ass een um Mëttwoch nees

https://moien.lu/dating-site-for-apple-users/
hillsong london dating

dating sites in saudi arabia

Datt den Educatiounsminister seng radikal Reformen ouni Récksiicht op d‘Awänn

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
hillsong london dating

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

Editorial: Eis polnesch Matbierger sollen den „Denunziant“ maachen

Editorial: Eis polnesch Matbierger sollen den „Denunziant“ maachen

Also datt déi polnesch konservativ a „liicht“ rietslaaschteg PiS-Regierung alles wéi kee Beispill fir gelieften Demokratie ass, dat war mer bewosst. Datt se sech net ze schued sinn, per Gesetz d‘Geschicht esou „riicht ze béien“, datt ee „muss“ dovunner ausgoen, datt et ni Pole ginn huet déi mam däitsche Besatzer kollaboréiert hunn, ass u sech scho Schlëmm genuch…

Gutt iwwert d‘Bezeechnung „polnescht Doudeslager“ fir ee vun de Nazien opgeriichte Konzentratiounslager (KZ) kann ee streiden, muss een awer net. Datt et awer och polnesch Bierger, Beamten an aner Gielemännercher ginn huet, deenen et gutt an de Krom gepasst huet wann de „Judd“ matgeholl ginn ass, et och dem Besatzer gemellt gouf wou se sech géifen ophalen, dat ass erwisen.

Elo dierf een dat awer net méi soen, an wéi d‘Kollege vum NDR erausfonnt hunn, fuerdert de polnesche Senatsmarschall Stanislaw Karczewski vun allen am Ausland liewende Polen, also och zu Lëtzebuerg, datt déi all „anti-polnesch Aussoen“ un d‘Ambassaden a Konsulater melle sollen. Fir en EU-Memberland dat sech op seng chrëschtlech Wäerter berifft, net schlecht.

Wat ee sech dann elo awer muss dierfe froen, ass wéi eis Regierung mat „dëser Moossnam“ déi vun der polnescher Botschaft zu Lëtzebuerg als „üblech Aufgab vun enger diplomatescher Vertriedung“ betruecht gëtt, domatter wëll ëmgoen? Hunn déi Damen an Hären aus der Regierung an um Krautmaart tatsächlech d‘Absicht dat einfach esou hinzehuelen, an also ze toleréieren?

Also mir ass et egal wien aus der Regierung, zu dëser Opfuerderung sech als Denunziant zu Lëtzebuerg ze betätegen, Stellung ergräift, mee ech wëll dann awer emol staark hoffen, datt dat „zäitno“ geschitt. Ech erwaarden och datt de Piotr Wojtzak, Ambassadeur vu Polen zu Lëtzebuerg, „ageluede“ gëtt sech dozou géintiwwer den zoustännegen Autoritéiten ze äusseren.

Zudeem wëll ech dann och nach staark hoffen, wou jo „eise“ Jean-Claude Juncker awer nach esou eppes wéi de Chef zu Bréissel ass, datt et och op héchstem EU-Niveau hei eng entspriechend Reaktioun wäert ginn. Elo maachen ech mer wuel kee Gedanken, datt meng polnesch Frënn zu Denunziante kéinte ginn, mee mat esou Mesure, mécht ee sech och keng nei Frënn…

Foto: (Archivbild aus dem November 2011) Antifaschisten hunn sech a KZ-Kleedung zu Warschau op d‘Strooss gesat, fir de rietsradikalen Toperten de Wee ze verspären. D‘PiS-Regierung hat d‘Demonstratioun vun der däitlech als Faschistesch erkennbar Bewegung bewëllegt. © Wojtek Radwanski/AFP

Ähnlech Sujeten Denunziant, Polen, Rietsextrem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel