Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

F91 Diddeleng: fir de Gattuso keng Iwwerraschung
Meenung Neiegkeeten

F91 Diddeleng: fir de Gattuso keng Iwwerraschung

Nodeems sech den F91 verdéngt fir d‘Gruppephas vun der Europaleague

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant
Meenung Neiegkeeten

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant

An hirem Communiqué, bestätegt d‘Cargolux datt den Fluch „CV7330“, ob

Bei Uruff Bettel
Meenung Neiegkeeten

Bei Uruff Bettel

An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn

Et gëtt Saachen, déi falen engem einfach esou virun d‘Féiss an oft weess een net, lount et sech dat opzegräifen. Esou d‘Petitioun zur Ofschafung vum Autofestival mam schéinen Titel „Autofestival No More“. Wien also den Autofestival fir iwwerflësseg hält an dësen ofschafe wëll, kann nach bis de 16. Mee op der Säit vun der Chamber säin elektronesche Krop drënner setzen.

Interessant an dëser Petitioun ass virun allem d‘Argumentatioun déi gréisstendeels verstänneg an och novollzéibar ass, woubäi et tatsächlech besser gewiescht wier hei d‘Zuelen op der Säit ze loossen. Mee gutt jidderee soll maache wéi en denkt, an wann d‘Absicht hannert der Petitioun déi war, zolidd mam Läffel an de Bräi ze fachen, esou wier déi mat Bravour erfëllt ginn.

Am Kontext vu Klimawandel an Naturschutz léisst sech dës Petitioun duerchaus rechtfäerdegen, zumindest wa sech den Auteur op d‘Aart a Weis wéi fir den Auto Reklamm gemaach, an a wéi engem Mooss dësen zum Statussymbol héichstiliséiert gëtt, bezitt. Schlecht Reklamm an Topeg Chauffeuren dierften awer net duer goen, fir de Staat zum Verbuet vun Autofestival ze beweegen.

Och de Versuch den Auto als dat denkbar schlechtst Fortbeweegungsmëttel duerzestellen huet ee gewësse Charme. Et wier „mäerderesch“ an da gëtt behaapt, weltwäit géifen duerch d‘Autoen all Joer 1,35 Millioune Mënsche stierwen. Dat natierlech ouni dës Zuele mat anere Statistiken an Doudesursaachen ze referenzéieren. An geet nach ëmmer ëm den Autofestival zu Lëtzebuerg.

Den Auteur bréngt et esouguer Ronn d‘Obesitéit an déi sozial Isolatioun dem Auto, an esou dem Autofestival zouzeschreiwen. Zudeem géifen an Europa duerch d‘Emissioune vun den Autoen, bis zu 2 Millioune Mënsche virzäiteg stierwen. Interessant zudeem, dem Auteur seng Thees, datt den Elektroauto nach schlëmmer wéi de Verbrennungsmotor wier. Beluecht gëtt datt ganzt leider net.

An dozou kann ech – deen net ganz frëndlech mam Autofestival ëmgesprongen ass – nëmme soen, séi schéinsten Utopie sinn déi eegen, an ausser e gréisseren Disput un de Comptoiren auszeléisen dierft d‘Petitioun wéineg Aussicht hunn an engem Gesetz ze endegen, mat deem den Autofestival „verbuede“ gëtt. Mir wier et schonns genuch, wann se de Kalenner géifen anhalen.

Woubäi nach dierft ze bemierke sinn, datt mir dat ganzt Joer Autofestival hunn, an de Fall gesat et wier eescht gemengt – wéinst dem stierwen an esou – net den Autofestival muss ofgeschaaft ginn, mee déi ganz Autosindustrie. An da sollt ee wéi mam Tubak verfueren: d‘Reklamme verbidden, e Mindestofstand vu Schoulhäff an Terrasse bestëmmen an all puer Méint de Präis erhéijen….

Bild: Peter H/Pixabay

Ähnlech Sujeten Autofestival, Klimawandel, Naturschutz, Petitioun, Petitioun 1198
Nächsten Artikel Virrechten Artikel