Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
matchmaking takes forever for honor Meenung her lesbian dating apk

https://moien.lu/post-dating-mot/

Et ass en anere Festival, wéi een dat soss hei

https://moien.lu/online-christian-dating-uk/
matchmaking takes forever for honor Meenung her lesbian dating apk

Pedophilie an der Kierch: Dee Schlechte vu Lyon

Säit e Méindeg stinn am Frankräich eng Rei „héichrangeg“ Kierchemänner

USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen
matchmaking takes forever for honor Meenung her lesbian dating apk

USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen

Um Donneschdegowend huet de Chef vun den amerikanesche Scouten sech

dislikesurprise

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter bekannt ginn, datt ee sech fir d‘Nationalwahlen 2018, mat der politescher Initiativ Wee2050/Nee2015 zesummendeet. Datt béid Gruppementer gemeinsam Interessen hunn, ass säit dem Referendum gewosst.

Net gewosst war, well den Interesséierten dat och ëmmer nees gären am Radio an op der Tëlee esou betount huet, datt den Initiator vum Wee2050/Nee2015 sech als politesche Kandidat fir d‘adr géif opstelle loossen. De Fred Keup, ass also elo adr-Kandidat am Süden, a wann ech den Accord tëscht der adr an der Keup-Initiativ richteg verstanen hunn, da wiere nach Plaze fräi…

Iwwerhaapt schéngt sech d‘adr schonn emol gutt virbereet ze hunn, an et sollt een et net ënnerschätzen, wann et heescht: „An deenen nächsten Deeg a Woche wäerten nach muench gutt, interessant an engagéiert Kandidaten (…) bekannt gemaach ginn“. Mam Geo-Proff aus dem Escher technesche Lycée, ass zumindest séchergestallt, datt d‘Argumentatioun weider populistesch bleift.

Et kéint dann och „lëschteg“ sinn ze bemierken, datt de Fred Keup – deen absolut vu sech selwer iwwerzeegt ass, an et tatsächlech och selwer gleeft an der Mëtt vun der Gesellschaft ze stoen – als Kandidat bei der adr, ganz reell Chancen op e Mandat an der Chamber huet. Ass et awer net…

Bei der Initiativ Wee2050/Nee2015, wousst een dann och vum Grënnungsdag un, datt wann een eppes verännere wëll, et net duer geet gutt siichtbar an de soziale Medien ze sinn. Et muss ee seng Argumenter och op der politescher Bühn presentéieren, an sech do ëmmer als d‘Mëtt vun der Gesellschaft presentéieren.

Elo ass dem Fred Keup seng Mëtt zwar elle Riets, mee hien huet seng Mëtt fonnt. Ob sech de Professer an Tëschenzäit dovunner erholl huet, datt et bis ewell keen equilibréierten Debat ginn huet, schéngt mat dëser Kandidatur erwisen. Mee e Mënsch deen sech iwwert 80% „Nee“ fir d‘Auslännerwahlrecht freet, kann net wierklech an der Mëtt vun eiser Gesellschaft stoen.

A wann et sécherlech och ee vun eise gréisste Wënsch ass, déi Lëtzebuerger Sprooch héich ze halen, esou dinn ech mech dann awer schwéier domatter, wat de Fred Keup ënnert enger „richteger Méisproochegkeet“ versteet. Mee wann de Fred Keup behaapt, datt den adr Wahlprogramm am noosten un d‘Ziler vum Wee2050/Nee2015 erukënnt, dann hunn ech verstanen.

De Proff vun Esch beschreift déi Alternativ Demokratesch Reformpartei als éierlech, staark a glafwierdeg. Et léich deemno op der Hand, „datt Kandidaten aus de Reie vum Wee2050 och zum ganzen adr-Parteiprogramm stoe wäerten“. Dat versprécht also nach interessant ze ginn, net nëmmen an de sozialen Netzwierker, och an de Medien.

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, Fred Keup, Nee 2015, Wee 2050
Nächsten Artikel Virrechten Artikel