Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Kanner zu Rëmeleng an Entdeckerlaun
Meenung Neiegkeeten

https://moien.lu/pisces-woman-dating-tips/

De „Kids Day 2017“ am nationale Minièresmusée (MnM) zu Rëmeleng

https://moien.lu/nuchal-dating-scan-nhs/
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dag, deen et 1582 net gouf

Et klengt onvirstellbar, mee de 6. Oktober 1582 huet ni

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?

Duerch d’World Hypertension League ass säit geraumer Zäit de 17.

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt

Et gëtt esou villes iwwert dat ee sech als aviséierte Wieler iergere kann, datt et engem ëmmer nees schwéier fält d‘Politiker eescht ze huelen. Dat gëtt och net doduerch besser, datt sech eben déi Politiker an de sozialen Netzwierker an d‘Hier kréien, och wa wéi an dësem Fall, datt Sënn ergëtt.

Wéi esou oft, wa Politiker op der Antenn vun RTL Froe gestallt kréien oder esouguer „fräihänneg“ an de Mikro schwätzen, kënnt et zu bossegen Aussoen. Emol méi, emol manner. An de Minister fir Verkéierschaos a Krichsgeflüster, François Bausch (déi gréng) hat gëschter dem ADR-Deputéierte Roy Reding seng ganz Opmierksamkeet gefuerdert. Et geet op Facebook dann och haart hir…

De Roy Reding werft dem François Bausch vir, Folgendes op RTL gesot ze hunn: „A Frankräich géif een elo gesinn, datt do wou zweedrëttel vun de Radaren aktuell net funktionéieren, d’Zuel vun den Doudegen ëm 300% an d’Luucht gaangen ass”. Dat wier vollkommene Blödsinn, an wéi esou oft, et kann nëmmen ee wou béide Recht hunn, an dat trëfft hei net op de Regierungsvertrieder zou.

Am Frankräich sinn, mir hu kuerz nogekuckt, am Januar 2019, néng Persoune méi gestuerwe wéi de selwechte Mount 2018. Et huet och méi blesséierter ginn. Dat wier, esou de grénge Minister all de futti gemaachte Radare geschëlt. Zumindest interpretéiert dat de Roy Reding esou, an deem muss ee sech uschléissen. Dat wëll e Radar just „verbaliséiere“, net awer d‘Accident verhënnere kann.

Dat alles, fir festzestellen, datt Radare kee Liewe retten. Wat awer Liewe géif retten, wier wa sech emol all Mënsch nees um Rimm géif rappen, seng Prioritéiten nei zortéiere wéilt. Et ass den Egoismus, dat ganzt Gehetztes an de Mëssbrauch vun Alkohol an/oder Drogen, esou wéi natierlech exzessiv Vitesse. An dat sinn d‘Ursaachen nach laang net all, déi fir Accidenter suergen.

Elo awer ze behaapten et bréicht e guer keng Radaren, ass gläichfalls de falsche Wee. Radare gehéieren dohinner wou d‘Gefor reell ass, wou se de Gesellschaft e Notze bréngt. Géifen sech d‘Regierungen un dësem Prinzip orientéieren, missten se sech net de Virworf gefale loossen, d‘Automobilisten ze schikanéieren an/oder ofzezocken. Leider geet et hei och ëm de Goss…

Ähnlech Sujeten Fake News, François Bausch, Radaren, Roy Reding, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel