Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht
Meenung

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht

Et wier falsch ze behaapten, datt ech mam EU-Kommissiounspresident op

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet
Meenung

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet

Bei der SNCF sténken d‘Lompen net, se brennen. Déi franséisch

PISA-Etüd: Lëtzebuerg nëmmen nach bei all zweeter derbäi
Meenung

PISA-Etüd: Lëtzebuerg nëmmen nach bei all zweeter derbäi

Wéi aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervirgeet, wéilt

Editorial: Eng franséisch Wahlcampagne ?

Editorial: Eng franséisch Wahlcampagne ?

Am Quotidien vum 11. August huet e Journalist eng Feststellung gemaach, déi esou falsch net ass. A sengem Editorial fuerdert de Beruffskolleg: „D‘Wahle musse jiddereen uspriechen“ a begrënnt dat mat engem zolitten Argument. D‘Chamberwahle sinn e wichtegen Evenement am Land, mee deels och an der Groussregioun. Kommunizéiere géif een awer bal nëmmen op lëtzebuergesch…

Bedenkt een, datt ronn d‘Hallschent vun den Awunner net „Lëtzebuerger“ sinn, an de Gros vun hinnen éischter net d‘Landessprooch beherrschen, esou kéint een am éischten Ament gewëllt sinn, dem Mann Recht ze ginn. Woubäi et hei ze bedenken ass, datt „Google-Translate“ scho vill méi wäit ass, wéi de Journalist et wëll wouer hunn. D‘Iwwersetzung wier „Sënngeméiss“ méiglech.

De Journalist féiert e weidert Argument un, a weist drop hin, datt Lëtzebuerg seng Ekonomie „globaliséiert“ huet. E politesche Choix deen ee Veräntwerte misst. Hei ass et dann och net wéi wann déi politesch Acteuren sech deem géife verwieren. Mee wéi verhält et sech dann, wann e Land seng „Mammesprooch“ fërdere wëll a sech zudeem e Gesetz dofir ginn huet?

Wann een elo bereet wier ze soen, datt d‘Parteien hir Kommunikatioun zu de Chamberwahlen, och de friemlännesche Matbewunner zougänglech musse maachen, da kann dat awer net nëmme fir eis frankophon Matbierger gëllen. Esou misst een, dem Journalist sengem Gedanke folgend, opgrond der Gréisst vun der portugisescher Communautéit, d‘Campagne och hinnen upassen.

WahlcampagneAn heimatter géif ee Prezedenzfall geschaaft, well wat fir eng Wahlcampagne gutt ass, kann am Alldag net verkéiert sinn. An et dierf ee sech net wonneren, datt den ADR-Deputéierten a Kandidat fir d‘Chamberwahlen, Roy Reding, sech op Facebook mam Editorial ausenanersetzt. Den Toun mécht d‘Musek, an déi kléngt nëmmen da gutt, wann een de richtegen Toun trëfft.

Op dëser Plaz ass et dann ubruecht, dem Journalist, dee jo awer zu Lëtzebuerg säi Brout verdéngt, an esou och reegelméisseg berufflech mat eiser Sprooch konfrontéiert gëtt, mat op de Wee ze ginn, datt et am allgemengen (zu Lëtzebuerg) net wichteg ass wou een hir kënnt, een awer no enger gewësser Zäit sollt wësse wou een ukomm ass.

Vill Leit zu Lëtzebuerg maachen den Effort, eis Sprooch ze léieren. Dat ass net einfach, zemools mir eis selwer oft mat der Sprooch schwéier dinn, grad wann ee se schreiwe soll. An ech sinn do keng Ausnam. A mir stellt sech dann och d‘Fro, wann engem bewosst ass, dat egal wou een hi geet, een d‘Lëtzebuerger Sprooch brauch fir seng Aarbecht ze maachen, firwat een se net léiert?

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Hubert Gamelon, Le Quotidien, Roy Reding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel