Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?
drinks hook up Meenung https://moien.lu/dating-coach-kk/

dylan dating

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de

dating sodapop would include
drinks hook up Meenung https://moien.lu/dating-coach-kk/

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

surprise
Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?
drinks hook up Meenung https://moien.lu/dating-coach-kk/

Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?

Nodeems Italien sech weigert e Schëff mat 629 Migranten, déi

Editorial: Déi hunn dach eng mat der Dänn

Editorial: Déi hunn dach eng mat der Dänn

Also ech weess net wéi et iech geet, mee wann sech 28 Staats- a Regierungscheffen zu enger Klausur treffen, dann erwaarden ech mir zumindest, datt et dëse geléngt wéinstens ze maachen „wéi wann“. Datt si net op hir „Spëtzekandidaten“ bestanen hunn an et esou zu engem klenge Paradigmewiessel an der Institutioun komm ass, kann een nach begréissen, beim Recht gëtt et nees komplizéiert.

Datt elo ausgerechent Leit aus der „zweeter Rei“ fir d‘Poste vum EU-Kommissiounspresident, dem EU-Rot, der EZB an de Kommissär fir Aussenugeleeënheeten nominéiert goufen, an dat och no laangen an zéie Gespréicher, werft kee gutt Liicht, weder op Europa als Institutioun, nach op d‘Staats- a Regierungscheffen, déi virginn, de Projet „EU“ weiderentwéckelen a stäerken ze wëllen.

Gutt, den Däitschen d‘Presidence zouzegestoen ass novollzéibar. No 60 Joer kann een dofir esou eppes wéi Versteesdemech opbréngen an datt et zudeem eng Fra ass, déi dëse Poste soll iwwerhuelen, un a fir sech lueflech. Firwat dann awer eng Fra nominéieren déi net emol als Kandidat am eegene Land ugetrueden ass? Do dierft esouguer zu Berlin schwiereg sinn, et den eegene Leit ze erklären.

Politesch betruecht hunn déi 28 sech um Wieler versëndegt. Dësem säin Interessi un der EU an der gemaachter Politik ass „geréng“ a gëtt mat esou Entscheedungen net geschäerft. Et kéint ee wuel nach unhuelen, datt dem Wieler och de Prinzip vum Spëtzekandidat net zougesprach huet. Déi awer waren am eegene Land Kandidat, a si vun de Bierger mat méi oder wéineger Stëmme gewielt ginn.

Elo also sollen „Experten“ d‘Mandater iwwerhuelen, woubäi dat mam Expert net dierf op déi gëlle Wo geluecht ginn. D‘Ursula vun der Leyen wëllen eis Noperen am léifsten dohinner schécke wou de Peffer wiisst, wëll si als Verdeedegungsministerin hir Saach éischter schlecht wéi recht mécht. A wien „doheem net gebraucht gëtt“, dee verfracht een dann op Bréissel. Gediert Här Juncker?

D‘Argument bei der Nominéierung vum Charles Michel ass och bosseg. Deem gëtt gutt gehalen e Meeschter vum Kompromëss ze sinn. D‘Belsch, déi sech méi oft ouni wéi da mat enger Regierung ervirhieft, huet dräi Communautéiten déi ee federéiere muss. Datt dat dem Charles Michel och net gelongen ass muss hinnen entgaange sinn, well si trauen him zou, 28 Länner federéiert ze kréien.

Beim Spuenier muss et och erlaabt sinn nozefroe wat et domatter op sech huet. De Josep Borell kennen nach net emol d‘Spuenier wierklech an och hie stoung net als Kandidat bei den EU-Wahlen zur Verfügung. Hien huet awer tatsächlech déi beschte Chance vum EU-Parlament ugeholl ze ginn. Dat gëllt och fir d‘Christine Lagarde, déi fir d‘Presidence vun der EZB nominéiert ginn ass.

A punkto Kredibilitéit hunn et déi 28 Staats- a Regierungscheffen nees hikritt, sech selwer duerch de Knéi an de Fouss ze schéissen. Si beweisen op en Neits, datt hinnen d‘Nationalpolitik wäitaus méi wichteg ass, wéi Europa. Dat well si ëmmer dann, wann eppes gutt leeft, dat fir sech beusprochen, a wann et net gutt leeft, et dem „Diktat aus Bréissel“ geschëlt ass. Och esou kritt een d‘EU gevreckt.

Illustratioun: Hanns Benn/Pixabay

Ähnlech Sujeten EU-Kommissär fir Aussenugeleeënheeten, EU-Kommissioun, EU-Parlament, EU-Rot, EZB
Nächsten Artikel Virrechten Artikel