Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Broschtkriibs frei genuch erkennen
Meenung

Broschtkriibs frei genuch erkennen

Och a Frankräich ass Broschtkriibs de meescht verbreeten an déidlechst

Nationbranding kann och kreativ sinn
Meenung

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun
Meenung

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

Editorial: Eng nei „al“ Regierung

Editorial: Eng nei „al“ Regierung

Ech ginn net dervunner aus, datt et ee ginn huet, deen Zweiwel un der Koalitioun an dem dofir benéidegten Accord hat, a generell sollt ee begréissen, datt sech déi „dräi“ esou séier eens konnte ginn, an esou d‘Regierungsaarbecht, mee och d‘Chamber nees a vollem Ëmfang operationell gëtt.

Begréissenswäert an dësem Koalitiounsaccord, sinn all déi Punkten déi Parteiiwwergräifend – also och an de Programmer vun den Oppositiounsparteien – am Wahlkampf ugefouert goufen, och wann et sécherlech rhetoresch Ënnerscheeder ginn huet, elo awer enger Ëmsetzung entgéint blécken. Esou déi vu (bal) alle gefuerdert Erhéijung vum Mindestloun. Dat sollt een als positiivt Signal bewäerten.

Do dierft et allerdéngs vun der Handelskummer, an hirer Denkfabrick IDEA, wéineg bis guer keen Applaus ginn. Och dann net, wann, an dat kann een esou erwaarden, de gréissten Undeel vun dësen 100 Euro vun der Staatskeess wäerte gedroe ginn. Eng Siicht, déi esou och op d‘Bäibehale vum Index dierft zoutreffen. Fir déi méi modest Menagen awer, ass et eng ganz wichteg a gutt Nouvelle.

Ähnlech gesinn ech dat mat der Gratuitéit vun ëffentlechen Transport. Gutt, d‘Syprolux ass dergéint a fäert e géifen op der Eisebunn elo Plazen ofgebaut. Mee och hei sinn sech eigentlech all déi um Krautmaart vertruede Parteien eens, et dierft hei wéineg Gestreits ginn. Dat et dann elo och endlech zu der „enger“ Steierklass fir jidderee kënnt, ass mäin drëtte Favorit, am Koalitiounsaccord.

Wou fir eis Bierger elo den Hoken am Koalitiounsaccord ass, dat kann een eréischt mat Gewëssheet soen, wann och mir sollten Zougang zum Dokument erhalen. Hei dierft et ganz interessant sinn ze ermëttelen, wat et mat der méiglecher Legaliséierung vu rekreative Cannabiskonsum op sech huet. Baue mir selwer un, wien kontrolléiert a wéi, kréie mir Coffeeshops? Fir e puer Froen opzewerfen.

Vun deem wat awer elo schonn emol gewosst ass, sollt een – ënnert der Konditioun datt dat och zäitno kann ëmgesat ginn – un a fir sech zefridde sinn. Eppes wat elo am Kontext vun dësem Accord gëschter net ugeschwat gouf, ass déi ugestriefte Verfassungsreform, an deem domatter verbonnene Referendum. Dolaanscht komme mir an dëser Legislaturperiod awer elo net méi.

Ähnlech Sujeten déi gréng, DP, Koalitioun, Koalitiounsaccord, LSAP, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel