Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géint de Kriibs rocken!
Meenung

Géint de Kriibs rocken!

De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill

i'm dating his brother
netflix online dating
Meenung

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement
Meenung

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Am US-Staat Iowa ass ee Mëttwoch, dat schäerfste Gesetz zum

Editorial: „Back to the Roots…“ eng Partei sicht seng Wuerzelen

Editorial: „Back to the Roots…“ eng Partei sicht seng Wuerzelen

Der Sozialdemokratie an Europa geet et esou schlecht wéi der Unioun selwer, an d‘Tendenz weist kontinuéierlech no ënnen. Wou een hikuckt, Resultater déi net op eng Vollekspartei hiweisen. Eng Tendenz allerdéngs déi d‘Sozialdemokrate selwer verschëllt hunn. Si hunn zum Sozialofbau bäigedroen, si Koalitiounen op briechen a béien agaangen, nëmme fir am Muechtspektrum ze sinn.

E Problem deen d‘LSAP erkannt huet a ugoe wëll. Esou hu si sech no net esou ganz erfollegräiche Chamberwahlen fir d‘Erneierung entscheet. Eng gutt Decisioun, déi besonnesch vun hirer Jugend begréisst gëtt. Et schéngt hinnen eescht ze sinn, zumindest léisst en Bléck op hir Kandidatelëscht fir d‘Europawahlen de 26. Mee, dës Feststellung zou. Wéi sti realistesch gesinn hir Chancen?

Dat hänkt vun enger Rei Faktoren of, an dee wichtegsten ass mat Ofstand d‘Kredibilitéit. An déi ze erhale kënnt bei de Sozialdemokraten der Quadratur vum Krees gläich. Esou geet rieds vun der Erneierung vun der EU, Aarmutsbekämpfung an energetescher Transitioun. Industrie soll propper, d‘Gläichstellung vu Mann a Fra virugedriwwen an de Profit net iwwer de Mënsch gestallt ginn.

Wann et dat esou liest (an et ass bäi wäitem net alles) kléngt dat genial, an och wann ee weess, datt et e Konsens op héijem Niveau brauch fir dat ze erreechen, bleift den Usaz positiv a kéint een zouversiichtlech stëmmen. Leider ass et esou einfach dann awer net. Déi gesaten Ziler ze erreeche géif bedeiten, datt ee vun der eegener Politik aus de leschte Jore misst Ofstand huelen.

Et ass zudeem eppes bedauerlech, datt och wa si zu Recht de Konservative vun der EPP d‘rout Kaart gewisen hunn, wëll hiren Ungar sech net am Grëff huet, sech mat der Kritik un den eegene Kollegen aus Rumänien zréckhalen. Och de Kolleg aus Spuenien, dee kleng allze glécklech Hand am Prozess géint déi katalanesch Separatisten huet, stellt d‘Sozialdemokratie an ee schlecht Liicht.

An elo? Déi opgestallte Kandidate vun der LSAP, sinn erkläert pro-europäesch, an dat ass e Fakt. Hir Absichte sinn éierbar awer op Sand gebaut. Et geet schliisslech net duer, déi europäesch Positioun vun der Lëtzebuerger Sozialdemokratie ze verkafen, den EU-Bierger dierf scho vun der Partei erwaarden, datt si de Programm vun den europäesche Sozialisten erkläert kréien.

Wann och national gewielt gëtt, an de Wahlkampf sech op lokalem Niveau ofspillt, esou kann een de Sozialdemokraten nëmmen eng Stëmm ginn, wann een iwwerzeegt ass, datt dat wat si engem hei erzielen, och déi allgemeng Linn vun hirem politesche Grupp am EU-Parlament ass. An do kann ee beim beschte Wëllen de Konsens net erkennen. Mat der „Erneierung“ ass et nach net fir muer…

Ähnlech Sujeten EU, EU-Parlament, Europawahlen 2019, LSAP, Sozialdemokratie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel