Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ULC-Petitioun kritt um Krautmaart gréng Luucht
Meenung Neiegkeeten

ULC-Petitioun kritt um Krautmaart gréng Luucht

D’Petitioun vum Konsumenteschutz (ULC) géint déi ongerecht an onsozial Bankfraise

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg

Wie seng Geschicht net kennt, ka seng Zukunft net plangen.

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt
Meenung Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen

Fraen si déi besser Männer! Esou zumindest presentéiert sech déi nei Presidentin vun der Fedil, Michèle Detaille, déi als éischt Fra zur Cheffin vun der „Industrieller Federatioun“ gewielt ginn ass. Datt si sech elo op dësem Posten etabléiert huet, wier hirer politescher Vergaangenheet geschëlt. Si kënnt aus der Belsch, a war do Member vun der liberaler reformistescher Partei (PRL).

Déi 61-Järeg mat staarkem Charakter sëtzt dann och a verschiddene Verwaltungsréit, a leed d‘Geschécker vun der Alipa zu Woltz, e Grupp deen international am Beräich vun der Verpakung, Logistik a Maintenance täteg ass. Wann een da fir dräi Joer d‘Spëtzt vun de Fedil iwwerhëlt ass dat Auszeechnung an Erausfuerderung gläichermoossen. An ëm wiem seng Interessen et geet ass kloer.

Als „Industrie-Kapitän“ fënnt si, datt et der Industrie zu Lëtzebuerg gutt géif zu Gesiicht stoen, wann déi sech nees géif mam Resident verbannen. Dat elo net direkt andeems dësen eng Aarbecht ugebuede gëtt, mee an éischter Linn fir dëse verständlech ze maachen, datt „Industrie“ kee Knascht mécht a folgerichteg och net d‘Ëmwelt vergëft. Industrie wier Progrès, net Pollutioun…

Woubäi Aarbecht schéngt et am Donstkrees vun dëser „Industrie“ da schonn ze ginn, net awer déi Fachleit déi gebraucht ginn. An si huet e Léisungsusaz: d‘Entreprise missten sech besser no bausse matdeelen, sech bekannt maachen. Mir mengen, datt et och bei der Pai muss opgoen, woubäi déi eleng längst keen Attraktivitéitskritär ass. De Mënsche geet et haut och ëm Liewensqualitéit.

Jo esouguer Zäitaarbechter fënnt een net méi esou liicht wéi nach viru Joren. A wann d‘Ausbeutung vu frieme Lounofhängegen net méiglech ass, da mussen déi eege Leit de Kapp duerhalen. Sécher, dat ass deier an do gëtt et Gesetzer, déi och dem Michèle Detaille Grenze setzen. An dat iergert déi op maximale Profit getrimmte Geschäftsfra. Dofir verlaangt si d‘Aarbechtsrecht ze reforméieren.

Dat misst däitlech gelackert ginn, well et derzou géif bäidroen (oder verhëllefen) datt een nach méi produzéiert kritt, dat mat de selwechten a méiglecherweis esouguer manner Leit. Woubäi elo och net direkt Leit sollen entlooss ginn. Fir si ass d‘Begrenzung vun Iwwerstonne keng gutt Fassong a wéilt jo net datt d‘Aarbechter 100 oder méi Stonnen d‘Woch schaffe sollen.

Si ass zudeem der Meenung, datt een et dem Salarié am Grousse sollt iwwerloosse wéi vill Stonnen hie schaffe wëll, woubäi et der awer mindestens 40 sollte sinn. Am beschte wier et wuel wann een dat ganzt Aarbechtsrecht an d‘Gewerkschaften direkt mat géif ofschafen. Woubäi esou huet si dat ni gesot an och net gemengt, mee den zousätzleche Feierdag an e Congésdag fir déi kleng, also Nee…

Am Kontext vun enger Gesellschaft déi „de Wandel hikréie muss“ an dat ambitiéist Zil „Null Emissiounen“ sollt verfollegen, wier d‘Fedil-Presidentin gutt beroden, hir Memberen op d‘Zukunft anzestellen. Déi energetesch Transitioun kann net eleng op de Schëllere vum Salariat ausgedroe ginn, an eng Industrie-frëndlech Aarbechtsrechtsreform ass mat de Gewerkschaften net ze maachen.

Foto: De 25. September 2018 hat déi nei Presidentin vun der Industrieller Federatioun de wallounesche Ministerpresident Willy Borsus op Besuch. Hir Entreprise, de Grupp Alipa, beschäftegt eng 20 Grenzgänger aus der Regioun Eupen © Fedil

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Alipa Grupp, Fedil, Michèle Detaille
Nächsten Artikel Virrechten Artikel